Jean Vanek

Vu Wikipedia
Jean Vanek
Gebuer 19. Januar 1969
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Gréisst 181 Zentimeter
Veräin/Ekipp FC Etzella Ettelbréck,
Avenir Beggen,
F91 Diddeleng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp


De Jean Vanek, gebuer den 19. Januar 1969 ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] a Vëlossportler.[2]

Vun 1988 bis 1991 huet de Jean Vanek beim FC Etzella Ettelbréck gespillt ier hie vun 1991 bis 2000 fir den Avenir Beggen um Terrain stoung, fir du vun 2000 bis 2002 beim F91 Diddeleng seng Carrière als Foussballspiller ofzeschléissen.[3]

Tëscht dem 12. Oktober 1994 an dem 5. September 2002 huet de Jean Vanek 35-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 2 Goler geschoss.

De 26. Juni 2011 ass de Jean Vanek beim lëtzebuergesche Championnat am Vëlofueren op der Strooss fir den L.C. Téiteng un den Depart gaangen a koum als 23. un.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Jean Vanek op der Websäit European Football
  2. Portrait vum Jean Vanek als Cycliste um Site vun Eurosport
  3. De Jean Vanek op der Websäit National Football Teams
  4. Resultater vum Lëtzebuerger Championnat am Vëlofueren 2011 op les-sports.info