Jean Wolter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Wolter

De Jean Wolter, gebuer den 23. Februar 1926 zu Diddeleng, a gestuerwen den 22. Februar 1980 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Journalist an CSV-Politiker.

[änneren] Säi Liewen

Hien huet seng Première gemaach a wollt duerno Droit studéieren, dëst war awer wéint dem Krich net méiglech. Hie gouf d'éischt bei der Flak agesat, duerno gouf hien an den Arbeitsdienst a Polen an duerno an d'Wehrmacht agezunn. 1945 koum hie fir 6 Wochen a Krichsgefaangeschaft. Elo wollt hie Journalist ginn an no kuerzer Zäit gouf hien an der Lokalredatoun vum Luxemburger Wort agestallt.

1967 gouf hien als Deputéierten fir d'CSV an d'Chamber gewielt.

1970 ass hien an de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht gewielt ginn.

De Jean Wolter war zënter 1974 Vizepräsident vun der CSV.

1979 gouf hien Innen- an Familjenminister esouwéi och Minister fir Wunnengsbau a sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Thorn-Flesch.

Den 22. Februar 1980 ass de Jean Wolter un enger onheelbarer Krankheet gestuerwen.

Hie war de Papp vum Michel Wolter.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht