Jangharishaff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jeanharishaff)
Jangharishaff
De Jangharishaff (2024)
An anere Sproochen fr: Jeanharis
de: Jeanharis
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Jonglënster
Buergermeeschter Bernard Ries (DP)
Koordinaten 49° 44’ 30’’ N
      06° 15’ 55’’ O
D'Kapell beim Jangharishaff

De Jangharishaff (och nach Jeanharishaff oder gekierzt Jangharis / Jeanharis) ass e Lieu-dit an e Bauerenhaff an der Gemeng Jonglënster. E läit an enger Säitestrooss zirka 150 m vun der N14, tëscht Jonglënster an dem Blummendall.

Zum Haff gehéiert och eng Mariekapell, déi 1852 gebaut gouf[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kapell Jangharishaff.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Op den 1. Dezember 1890 hu 27 Leit zu Jangharis gewunnt[2]; aus der Vollekszielung vun ëm 1900 geet ervir, datt deemools 34 Katholicken do gewunnt hunn[3].

Op den 31. Dezember 1960 huet d'Vollekszielung 21 Awunner festgehalen[4].

Prominent Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jangharishaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Informatioun op der Plack: 2002 ass d'150-järegt Bestoe gefeiert ginn
  2. (fr)Arrêté du 29 mai 1891. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg = Memorial des Großherzogthums Luxemburg, p. 357. (29.05.1891). Gekuckt de(n) 10.02.2024.
  3. (de)Volkszählung. Luxemburger Wort, 1900. Jg., nº 361, p. 3. (28.12.1900). Gekuckt de(n) 10.02.2024.
  4. (fr)Bulletin statistique. Gekuckt de(n) 10.02.2024.
  5. (de)Junglinster - Ovation. Luxemburger Wort, 132. Jg., n° 194, p. 5. (24.08.1979). Gekuckt de(n) 10.02.2024.