Jeanne Peiffer

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jeanne Peiffer
Gebuer 20. August 1948
Miersch
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Mathematiker, Iwwersetzer, Mathematikhistoriker

D'Jeanne Peiffer, gebuer den 20. August 1948 zu Miersch, ass eng lëtzebuergesch Mathematikerin a Wëssenschaftshistorikerin.

Si ass zanter 2003 Directeur de recherche um CNRS zu Paräis, um Centre Alexandre-Koyré, Centre de recherche en histoire des sciences et des techniques an zanter 1998 Chefredaktesch vun der Revue d'histoire des mathématiques.

Der Jeanne Peiffer hir Fuerschungsschwéierpunkte sinn d'Geometrie an d'Konscht an der Zäit vun der Renaissance, besonnesch den Albrecht Dürer, d'Entwécklung vun der Mathematik zu der Zäit vun de Lumières (besonnesch d'Mathematiker-Famill Bernoulli an de Jean d'Alembert) an d'Fraen an d'Wëssenschaft. Aktuellt Theema sinn déi éischt wëssenschaftlech Zäitschrëften, déi am 17. an 18. Joerhonnert gegrënnt goufen: wou koume s'eraus, wéi goufe se verdeelt, wat gouf iwwersat, asw.

Studéiert huet se zu op der Universitéit vu Fribourg, gouf do 1974 Diplom-Mathematikerin an huet 1978 zu Paräis hire Studium an der Wëssenschaftsgeschicht mt engem Doktorat ofgeschloss. Vun 1971-1982 huet se Mahematik am Secondaire enseignéiert, an huet vun 1983 bis 1984 bei der UNESCO, Division de la philosophie et des sciences humaines geschafft.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Thérèse Chotteau, Francine Delmer, Pascale Jakubowski, Sylvie Paycha, Jeanne Peiffer, Yvette Perrin, Véronique Roca, Bernadette Taquet, Rencontres entre artistes et mathématiciennes. Toutes un peu les autres, à l'initiative de femmes et mathématiques, L'Harmattan, Paris 2001, 162p.
  • Albrecht Dürer, Géométrie, Traduction et présentation de Jeanne Peiffer, collection "Sources du savoir" dirigée par Jean-Marc Lévy-Leblond et Thierry Marchaisse, éd. du Seuil, Paris 1995, 415p.
  • Der Briefwechsel von Johann Bernoulli: Der Briefwechsel mit Pierre Varignon, 3 Bänn: Erster Teil (1692-1702); Zweiter Teil (1702-1714). Bearbeitet und kommentiert von Pierre Costabel und Jeanne Peiffer, Birkhäuser Verlag, Basel 1988, 1992.
  • Traduction française annotée de Notes et additions à la perspective affranchie de l'embarras du pla géométral de Jean-Henri Lambert, en annexe à Roger Laurent, La place de J.-H. Lambert (1728-1777) dans l'histoire de la perspective, CEDIC/Nathan, Paris 1987, vi-310p.
  • Routes et dédales, Histoire des mathématiques, Études vivantes, Paris 1982, en coll. avec Amy Dahan, préface de J. T. Desanti, 285p. (Däitschen Titel: Wege und Irrwege - Eine Geschichte der Mathematik).
  • La formation de d'Alembert. 1730-1738, éd. par François De Gandt, Alain Firode et Jeanne Peiffer. Actes d'un colloque organisé les 18 et 19 septembre 2003 à l' Université Charles de Gaulle - Lille 3, Recherches sur Diderot et sur l'Encyclopédie 38 (avril 2005).
  • "L'engouement des femmes pour les sciences au 18ème siècle: divertissement mondain ou partage des savoirs ?", in: Femmes et pouvoirs sous l'ancien régime, sous la direction de Danielle Haase-Dubosc, Eliane Viennot, Rivages/Histoire, Paris 1991, p. 196-222.
  • "La littérature scientifique pour les femmes au siècle des Lumières", in: Sexe et genre. De la hiérarchie entre les sexes, ouvrage collectif sous la direction de Marie-Claude Hurtig, Michèle Kail, Hélène Rouch, Éditions du CNRS, Paris 1991, p. 137-146.

Tëlevisounsprogramm[änneren | Quelltext änneren]

  • The Birth of Calculus, produced by Michael Peet for the BBC, London 2002.