Jeannot Bonifas

Vu Wikipedia
Jeannot Bonifas
Gebuer 10. Juli 1950
Gestuerwen 28. Abrëll 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jeannot Bonifas, gebuer den 10. Juli 1950 zu Weimeschkierch a gestuerwen den 28. Abrëll 2014 zu Stadbriedemes, war e lëtzebuergesche Gemengepolitiker.

No sengem Militärdéngscht ass de Jeannot Bonifas an d'Verwaltung vun der Arméi agetratt, wou hie bis 1980 am Personalbüro ugestallt war. Vun 1980 bis 2010 huet hien am “Institut-viti-vinicole” geschafft, wou hie fir de “casier viticole”, de Wäibaukadaster, zoustänneg war.

Vun 1975 un huet de Jeannot Bonifas mat senger Famill zu Stadbriedemes gewunnt. Vun 1983 u war hie Member vum Gemengerot vun der Gemeng Stadbriedemes a Buergermeeschter vun 1988 bis 2011[1]. Am Dezember 2011[2] ass hien Éierebuergermeeschter ginn.

De Jeannot Bonifas war Member a laangjärege President vum Verwaltungsrot vun der “Entente touristique de la Moselle luxembourgeoise” a Grënnungsmember a President vun 1977 bis 1988 vum “Sportfëscherveräin Stadbriedemes”. Hie war an der Zäit aktive Spiller a Jugendtrainer vum FC Vinesca Éinen.

Politesch war de Jeannot Bonifas an der Demokratescher Partei engagéiert, fir déi en och bei de Chamberwale kandidéiert huet.

De Jeannot Bonifas war mat der Annette Becker bestuet a war Papp vun dräi Kanner.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • asc, 2014. Stadtbredimus: Ehrenbürgermeister Jeannot Bonifas gestorben. [2] [veröffentlicht am 28.04.14 17:45]
  • asc, 2014. Jeannot Bonifas †. Luxemburger Wort 2014, Nr. 100 (29. April), S. 16.
  • Luxemburger Wort 2014, Nr. 101 (30. April), S. 73 (Avis mortuaires).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Trapp, W., 2011. Die 'Lex Bonifas' und ein gemachtes Bett: der Bürgermeister von Stadtbredimus dankt nach 24 Jahren im Amt ab. Tageblatt 2011, Nr. 103 (3. Mai), S. 23.
  2. * jvdh, 2012. Jeannot Bonifas Ehrenbürgermeister der Gemeinde Stadtbredimus. mywort, 4.02.2012. [1]