Jeannot Heinen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jeannot Heinen, gebuer de 25. Dezember 1937 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 6. Mäerz 2009 zu Baden-Baden, war e lëtzebuergesche Komponist.

Zënter datt en 9 Joer al war, huet en eng 500 Stécker komponéiert oder ëmgeschriwwen. Nom Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg huet hien op der Musikhochschulen zu Karlsruhe a Saarbrécken studéiert.

Zënter 1969 huet hien zu Baden-Baden gelieft, wou hien 1971 Chef vum Dokumentatiounszentrum vum Südwestfunk gouf, 1981 gouf hie Member vum Opsiichtsrot vun der Brahms-Gesellschaft. 1989 huet hien Korrespondenzen Baden-Baden matgegrënnt, eng Gesellschaft, déi zäitgenëssesch Musek bekannt mécht, an där hire President e gouf.[1]

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Wierker

  • Concertino pour alto, violoncelle et orchestre à cordes, op. 27 (1967)
  • Jeux, Divertimento, op. 93 (1978)

[änneren] Literatur

  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten: la musique au Luxembourg: d'Blosmuseken zu Lëtzebuerg: d'Veräinschronik vun der Lëtzebuerger Stadmusek. Lëtzebuerg 1988, Sankt-Paulus-Dréckerei, 423 S. (Jeannot Heinen, S. 146-148).
  • Zenner, Roby: Der Musiker und Komponist Jeannot Heinen ist gestorben. Lëtzebuerger Journal 2009, Nr. 48 (10. Mäerz): 22.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht