Jeannot Krecké
De Jeannot Krecké, gebuer de 26. Abrëll 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Politiker a Foussballspiller.
De Jeannot Krecké huet op der ULB zu Bréissel studéiert a gouf duerno Turnprofesser.
Inhaltsverzeechnes |
Politiker [änneren]
Vun 1981 bis 1987 war hie Gemengerot zu Koplescht. Duerno ass en an d'Stad geplënnert an huet sech do an der Gemengepolitik engagéiert; 1989 gouf en op der LSAP-Lëscht an de Gemengerot gewielt an ass duer erëmgewielt ginn.
Tëschent 1985 an 1997 war hie Member vum Comité-directeur vun der LSAP, a vun 1985 bis 1994 och Trésorier.
1989 gouf de Jeannot Krecké an d'Chamber gewielt, an zënterhier erëmgewielt. Vun 1994 bis 2004 war hie President vun der Chamberfraktioun vun der LSAP. Tëscht 2004 an 2009 war de Jeannot Krecké Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel a Minister fir Sport an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war hie bis den 31. Januar 2012 Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel a Minister fir Energie. No sengem Récktrëtt vun deem Posten, aus perséinleche Grënn, huet den Etienne Schneider dës Fonctioun iwwerholl.[1]
Sportler [änneren]
De Jeannot Krecké ass e begeescherte Seegeler.
Tëschent dem 15. November 1970 am 26. Mee 1977 huet de Jeannot Krecké 18 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[2]
Als Foussballspiller, huet hien ënner anerem bei der Etzella a beim Progrès gespillt.
Soss [änneren]
Hien ass President vun der Fondation Alzheimer.
No sengem Récktrëtt als Minister, Enn Januar 2012, huet hien eng Consulting-Firma gegrënnt. Hien ass weiderhi Member vum Opsiichtsrot vun enger grousser russescher Firma, déi zu London op der Bourse notéiert ass, a Vertrieder vun der Regierung am Opsiichtsrot vun ArcelorMittal.[3]
Gielercher [änneren]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1999)[4]
- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2004)[5]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Jeannot Krecké – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ "Wirtschaftsminister Jeannot Krecké trëtt zréck." RTL.lu, 10.11.2011, 11:04, Fir d'lescht aktualiséiert: 10.11.2011, 11:29.
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jeannot Krecké um Site European Football
- ↑ "'Luxemburg Incorporated'." Interview mam J. Krecké am forum Nr.319, Juni 2012, S.24-32, hei S.32.
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004