Jeanny Dom

Vu Wikipedia
Jeanny Dom
Gebuer 5. Februar 1954
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dëschtennisspiller


D'Jeanny Dom, gebuer de 5. Februar 1954 zu Iechternach, ass eng fréier lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin.

No hirer sportlecher Karriär als Athleetin war si vun 1986 bis 1992 Sekretärin vun der lëtzebuergescher Dëschtennisfederatioun (FLTT). Am Januar 1993 krut si eng Plaz beim europäeschen Dëschtennisverband ETTU, wou si vun 1995 bis 2013 Generalsekretärin war.[1]

Sportlech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeanny Dom huet 1965 ugefaangen, Dëschtennis ze spillen. Schonns 1969, mat 15 joer, gouf si fir d'Weltmeeschterschaft vun den Erwuessenen nominéiert.Hire gréisste Succès hat si am Jugendberäich, wéi se 1971 mat der Meedercherséquipe bei de Jugendeuropameesterschaften zu Ostende Bronze gewonnen huet. Si huet fënnefmol beim Internationale Championnat vu Lëtzebuerg gewonnen.[2] Si war och fënnef Kéiere bei der Weltmeeschterschaft derbäi, nämlech 1969, 1973, 1975, 1977 ab 1979, ouni awer do no bei eng Medail ze kommen.

Wéinst hirem Succès gouf si 1970, 1971, 1973 an 1975 bis 1978 zu der Lëtzebuergescher Sportlerin vum Joer gewielt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun Sportlerin vum Joer Duerno
Annette Berger
Nelly Wies
Berthy Krier
1970 - 1971
1973
1975 - 1976 - 1977 - 1978
Nelly Wies
Berthy Krier
Carine Risch

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ETTU.org - Honorary membership for Jeanny DOM. www.ettu.org. Gekuckt de(n) 2020-09-04.
  2. [https://onsstad.vdl.lu/fileadmin/uploads/media/ons_stad_83-2006_56-63.pdf ons stad 83 (2006, S.