Jedi
| Et gouf virgeschloen, dësen Artikel ze läschen, an e gouf an d'Lëscht vun de Säiten déi geläscht solle ginn agedroen. Och du bass invitéiert, deng Meenung dozou ze schreiwen. Grond: Iwwerschaffeschëld zënter 8 Méint an et mécht sech näischt. |
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
„Seit iwwer 1.000 Generationen lang waren d'Jedi d'Hüter vum Fridden an der Gerechtigkeit an der Republik..“ — Obi-Wan Kenobi zum Luke Skywalker
E Jedi ass eng fiktiv Figur aus der Star Wars Saga. Et handelt sech ëm e muechtsensitivt Wiesen, dat engem Uerde bäigetrueden ass. D'Zil vun dësem Uerden ass et, d'Republik an d'Demokratie an der Galaxis ze erhalen.
Dat typescht Erkennungszeechen vun engem Jedi ass säi Liichtschwert. Als Jedi huet een d'Méiglechkeet Fähegkeeten z'entwécklen, déi ee mat der Hëllef vun der Muecht uwenne kann. Ënnert anerem ginn et Fähegkeete wéi z.B.: Objete mat Hëllef vu Gedanken ze beweegen, an d'Zukunft ze kucken, extrem schnell Reflexer ze hunn asw.
E Jedi benotzt d'Muecht fir Verdeedegung a Wëssen.
Dat donkelt Spigelbild vun engem Jedi ass e Sith. Dee benotzt d'Muecht agressiv a fir Stäerkt ze erlaangen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Jedi-Räng
D'Jedie ginn a verschidde Räng ënnerdeelt:
[änneren] Jüngling
Als Jüngling ginn déi jéngst Jedi-Rekrute bezeechent. Si ginn a Gruppen geléiert d'Muecht ze verstoen a ware net méi wéi 10 Joer al. Meeschtens goufen se vum berühmte Jedi-Meeschter Yoda ugeléiert, well deen e besonnescht ausgeprägt Wësse vun der Muecht hat déi d'Jünglinge vun Ufank u sollte verstoen.
[änneren] Padawan
Ee Padawan, oder och grénge Jong, war e Rang aus dem Jedi-Uerden. Et war den Virgängerrang vun engem Jedi-Ritter an den Noofolger vun engem Jüngling. Ee Padawan gouf eleng vun engem Jedi-Meeschter oder Jedi-Ritter ënnerriicht an huet dierfen e Liichtschwert fir sech hierstellen.
[änneren] Jedi-Ritter
Ee Jedi-Ritter war een ausgebilten Jedi, deen op sech eleng gestallt ass. Als Jedi-Ritter konnt ee sech e Padawan eraussichen fir deen zu engem Jedi-Ritter auszebilden.
[änneren] Jedi-Meeschter
Ee Jedi-Meeschter asseen treien an weise Jedi-Ritter, deen de Kodex ëmmer agehaalen huet. En Jedi-Meeschter kann ënnert anerem och en Jedi-Ritter ausbilden.
Berühmt Jedi Meeschteren sinn:
| Numm | Dobei an: |
|---|---|
| Yoda | Episoden I-III, V, VI |
| Mace Windu | Episoden I-III |
| Obi-Wan Kenobi | Episoden I-III |
| Anakin Skywalker | Episode I-III |
| Luke Skywalker | Episoden IV-VI |
[änneren] Jedi-Rot
Den Jedi-Rot besteet aus 12 Memberen, mat ënnert anerem engem perséinleche Vertrieder vum Kanzler während dem Krich. Déi 12 Jedi sinn am Normalfall Jedi-Meeschteren. Si sinn dei weist an mächtechst Jedien am Uerden an decidéieren iwwert d'Aktiounen am Uerden.
[änneren] Standuert
- Den éischte Sëtz war op Ossus.
- Den zweete Sëtz war op Coruscant (Haaptplanéit vun der Galaxis).
- Den Sëtz vum Uerden, deen den Luke Skywalker gegrënt huet, war op Yavin IV, wou d'Rebellioun gegrënt gouf, dei géint den Imperium kämpft.