Jeff Strasser

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jeff Strasser gebuer de 5. Oktober 1974 zu Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Hien ass een Ofwirspiller a spillt normalerweis Center-Back.

Hien huet zu Lëtzebuerg vun 1981 bis 1988 op der Union gespillt an ass du bei den FC Metz gewiesselt. Vun 1999 bis 2002 war e beim 1.F.C. Kaiserslautern. Duerno ass en op Mönchengladbach spille gaang wou säi Kontrakt den 12. August 2006 virzäideg opgeléist gouf. Hien ass duerno bei den RC Strasbourg gewiesselt wou hie bis 2007 bliwwen ass, ier hien bäi den FC Metz gaang ass. 2009 ass hie bäi d'CS Fola Esch gewiesselt vu wou hien awer no e puer Matcher d'Chance genotzt huet fir bäi Grashopper Zürich ze wiesselen, wou hie bis zum Ënn vun der Saison 2009/2010 bliwwen ass. An der sasion 2010/2011 huet de Jeff Strasser nees fir d'CS Fola Esch gespillt.[2]

De Jeff Strasser huet tëschent dem 12. Oktober 1993 an dem 12. Oktober 2010 98 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt (7 Goler) [3] an huet an der Bundesliga 194 Matcher gespillt an do 10 Goler geschoss.[4]

Veräiner [änneren]

  • US Mondorf
  • Union Lëtzebuerg
  • FC Metz
  • 1. FC Kaiserslautern
  • Borussia Mönchengladbach
  • RC Strasbourg
  • FC Metz
  • FC Grasshopers Zürich
  • CS Fola Esch

Kuckt och [änneren]

Virdrun Olympic rings with white rims.svg  Sportler vum Joer  Olympic rings with white rims.svg Duerno
Dan Dethier 1999 Kim Kirchen
Kim Kirchen 2001 David Fiegen

Referenzen [änneren]