Jeffery Deaver
Den Jeffery Deaver , gebuer 1950 zu Glen Ellyn, Illinois, USA, ass en US-amerikanesche Schrëftsteller, dee bekannt ass wéinst sengen intelligente psychologesche Thrilleren.
Hie war Affekot an huet ofwiesselnd a Virginia an a Kalifornien gelieft.
Berühmt gouf hien haaptsächlech duerch seng Romaner iwwer de Lincoln Rhyme an duerno iwwer den John Pellam.
Hien huet eng Schwëster, déi méi jonk wéi hien ass a Kannerbicher schreift: Julie Reece Deaver.
Säin éischt Buch huet hien am Alter vun 11 Joer geschriwwen. Et huet am Ganzen aus zwéi Kapitele bestanen. Hien huet Journalismus studéiert an huet fir d'New York Times an de Wallstreet geschriwwen. Duerno huet hien Droit studéiert a laang fir eng grouss Firma geschafft.
1990 huet e sech du ganz un d'Schreiwe ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Auszeechnungen[änneren]
- 2001: W.H. Smith Thumping Good Read Award fir d'Buch The Empty Chair.
- 3 x krut hien den Ellery Queen Reader's Award fir di bescht Kuerzgeschichten.
Bibliographie[änneren]
Romaner[änneren]
Nancy Drew Serie[änneren]
John Pellam Serie[änneren]
Ënnert dem Pseudonym William Jefferies geschriwwen.
Lincoln Rhyme Serie[änneren]
- 1997: The Bone Collector
- 1989: The Coffin Dancer
- 2000: The Empty Chair
- 2002: The Stone Monkey
- 2003: The Vanished Man
- 2005: The Twelfth Card
- 2006: The Cold Moon (2006)
Aner Bicher[änneren]
- 1988: Voodoo
- 1988: Always a Thief
- 1992: Mistress of Justice
- 1993: The Lesson of her Death
- 1994: Praying for Sleep
- 1995: Speaking in Tongues
- 1995: A Maiden´s Grave
- 1999: The Devil´s Teardrop
- 2001: The Blue Nowhere
- 2003: Twisted
- 2004: Garden of Beasts
Filmer[änneren]
- 1997: gouf d'Buch A Maiden´s Grave als Dead Silence mam James Garner a mam Marlee Matlin verfilmt.
- 1999: gouf dat éischt Buch aus der Lincoln Rhyme Serie The Bone Collector mam Angelina Jolie a mam Denzel Washington verfilmt.