Jenny Warling

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jenny Warling
Gebuer 25. Mäerz 1994
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Karateka
Gréisst 164 Zentimeter
Gewiicht 54 kg
Kompetitiounsklass Kumite

D'Jenny Warling, gebuer de 25. Mäerz 1994 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Karateka.[1]

Een éischte grousse Succès war eng 2. Plaz a Sëlwermedail an der Kategorie Kumité Féminin -55kg op der 9. Universitéits-Weltmeeschterschaft zu Bar am Montenegro, am Juni 2014.[2]

Dofir gouf si am Dezember 2014 als Lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer 2014 ausgezeechent.[3]

Den 30. Mäerz 2019 ass si am spuenesche Guadalajara just 8 Méint no enger Operatioun um Kräizband iwwerraschend Europameeschterin ginn.

Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Christine Majerus 2014 Christine Majerus


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vun der Jenny Warling op teamletzebuerg.lu Gearchiveerd op 2015-07-03. Gekuckt de(n) 2014-12-27.
  2. Info bei der Fédération luxembourgeoise des arts martiaux, gekuckt 2014-12-05.
  3. "Gilles Müller, Jenny Warling an Dëschtennis-Dammenequipe". rtl.lu, leschten Update: 05.12.2014, 07:57:07.