Jerry Weyer

Vu Wikipedia
Jerry Weyer
Gebuer 4. Januar 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Piratepartei Lëtzebuerg

De Jerry Weyer, gebuer de 4. Januar 1986, ass e lëtzebuergesche Politiker an Aktivist. Hie war Matgrënner a bis Februar 2024 Member vun der Piratepartei Lëtzebuerg.[1]

Hien huet Europäescht Recht studéiert[2] a schafft als Beroder fir digital Kommunikatioun.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Jerry Weyer war Grënnungsmember vun der Piratepartei Lëtzebuerg, a war bis den 28. Oktober 2012 hire Vizepresident. Vum 5. Oktober 2014 u war hie President vum Bezierk Zentrum vun der Piratepartei. Vun Oktober 2012 bis Juni 2013 war hie Manager vun der Parlament-Beobachtungsplattform Politikercheck.lu.[3]

Nieft dem Samir Allioui, deen am Juli 2009 zesumme mam Patrick Mächler aus der Schwäiz Kopresident ginn ass, gouf de Jerry Weyer de Chef vun der Daachorganisatioun vun der internationaler Pirateparteiebeweegung[4] bis zur PPI Konferenz am Abrëll 2010.[5] Vum 1. Mäerz 2010 bis den 18. Mäerz 2011 war hie Kopresident vun de Pirate Parties International (PPI)[6]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jerry Weyer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "De Matgrënner vun de Piraten Jerry Weyer ass net méi Member vun der Partei." rtl.lu, 10.02.2024.
  2. De Jerry Weyer op der Wiki vun der Lëtzebuerger Piratepartei. Gearchiveerd op 2012-03-22. Gekuckt de(n) 2011-11-27.
  3. WOXX, 6.12.2012, "Politikerchecklu: Mehr Transparenz mit einem Klick?"
  4. About PPI, Pirate Party International.
  5. Patrick Mächler steps down - Jerry Weyer Steps up!, PPI, March 2, 2010
  6. Wiki of the PPI, former boards Gearchiveerd op 2015-06-21. Gekuckt de(n) 2012-12-29.