Jerzy Skolimowski

Vu Wikipedia
Jerzy Skolimowski
Gebuer 5. Mee 1938
Łódź
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Filmregisseur, Schauspiller, Moler, Dramatiker, Dréibuchauteur, Regisseur
Famill
Kanner Józef Skolimowski

De Jerzy Skolimowski, gebuer de 5. Mee 1938 zu Łódź, ass e polnesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller. De Skolimowski huet zu Warschau Literatur a Geschicht, an duerno op der Filmhéichschoul zu Łódź Regie studéiert.

Am Ufank vun den 1960er Joren huet hie Kuerzfilmer gedréint an Dréibicher fir aner Regisseure wéi Andrzej Wajda a Roman Polanski geschriwwen. Zanter 1964 dréint hien och Laangspillfilmer als Regisseur. Bedeitend Filmer vun him sinn Le départ (1967), Deep End (1970) a The shout (1978).

Als Schauspiller war hien a Filmer vu grousse Filmregisseure wéi Andrzej Wajda, Volker Schlöndorff, Tim Burton, David Cronenberg a Mika Kaurismäki ze gesinn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1967: Goldener Bär op der Berlinale 1967 fir de Film Le départ
  • 1978: Grousse Präis vun der Jury um Festival vu Cannes 1978 fir de Film The shout
  • 1985: Spezialpräis vun der Jury um Filmfestival vu Venedeg fir de Film The Lightship
  • 2008: Spezialpäis vun der Jury um Filmfestival vun Tokyo fir de Film Cztery noce z Anna]
  • 2010: Grousse Präis vun der Jury um Filmfestival vu Venedeg fir de Film Essential Killing

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jerzy Skolimowski – Biller, Videoen oder Audiodateien