Jet Propulsion Laboratory

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
JPL-Schëld
Iwwerbléck iwwer de JPL-Komplex
E Kontrollraum vum JPL

Den Jet Propulsion Laboratory (kuerz JPL; fir Stralenundriff-Labor) baut a steiert Satellitten a Raumsonde fir d'NASA.

De JPL gehéiert zum California Institute of Technology (Caltech) vu La Cañada Flintridge; ënner senger Fiederféierung goufen déi erfollegräichst Raumsondeprojete vun der NASA duerchgefouert. Fir de Kontakt zu de Sonden halen ze kënnen, bedreift de JPL d'Deep Space Network. De JPL schafft ausser fir d'NASA och fir de Pentagon, den Department of Energy souwéi fir weider staatlech Institutiounen. Doriwwer eraus berode si Produzente vu Science-Fiction-Filmer a -Serien (beispillsweis bei Babylon 5).

De JPL ass op enger 72 Hektar grousser Fläch zu La Canada Flintridge, a Kalifornien, déi offiziell Adress ass allerdéngs 4800 Oak Grove Drive, Pasadena, CA 91109. Beim JPL schaffen ongeféier 5.500 Vollzäitbeschäftegter an en etlech dausend weider, bei Déngschtleeschtungsbetrieber. 2003 war de Budget ronn 1,4 Milliarden US-Dollar.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De JPL entstoung an den 1930er Joren, wéi de Caltech-Professer Theodore von Kármán zesumme mat Studenten an Assistenten ugefaangen huet, Experimenter mat Rakéitenundriffer ze maachen. Den 31. Oktober 1936 hate si hir éischt Rakéit gestart.

De von Kármán hat d'US-Arméi iwwerzeegt, hien z'ënnerstëtzen. D'Arméi huet dat neit zesummegesaten Team opgefuerdert, déi däitsch V2-Rakéit z'ënnersichen, woubäi fir d'éischt den Numm Jet Propulsion Laboratory (Jet Propulsion fir Düsenundriff) gebraucht gouf. Dësen Numm krut d'Fuerschungsarichtung, fir no baussen e serieusen Androck ze hannerloossen, well deemools d'Beschäftegung mat Rakéiten als onserieus gegollt huet.

Baséierend op de Fuerschungsresultater vum JPL entstoung d'Corporal-Rakéit, déi d'Amerikaner am Koreakrich agesat hunn. Den 3. Dezember 1958 huet déi zwéi Méint virdrun gegrënnte NASA d'JPL vum Militär iwwerholl. Am Ënnerscheed zu den aneren Zentren ass de JPL net Bestanddeel vun der NASA, mä nëmmen der NASA ugegliddert. De JPL gehéiert zu der Universitéit Caltech.[1]

De JPL huet säin Numm behalen, obwuel an der Zäit duerno keng Fuerschungen un Düsenundriffer (Rakéiten) méi duerchgefouert goufen. Et huet sech dann zum weltwäit féierenden Zentrum fir Raumsonden entwéckelt. Eng grouss Konkurrenz kënnt a leschter Zäit der JPL duerch de Applied Physics Laboratory vun der Johns Hopkins Universéit entgéint.

Weltraumfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Den 31. Januar 1958 start de JPL mat Explorer 1 den éischte Satellit vun der USA. An den 1960er start de JPL déi éischt Raumsonden op den Äerdmound (Ranger) a Missiounen op aner Planéiten (Mariner). De 14. Dezember 1962 ass Mariner 2 als éischt Raumsond an laanscht de Planéit (Venus) geflunn. 1975 gouf mat de Viking-Sonde fir d'éischt um Mars no Liewe gesicht. 1977 goufe Voyager 1 a Voyager 2 op déi baussenzeg Planéite geschéckt. Am Oktober 1998 goufe mat Deep Space 1 eng Raumsond mat Ionenundriff an aneren neien Technologie gestart.

Weider goufen vu JPL déi sougenannt JPL-Rei entwéckelt. Dëst sinn speziell Codereien, déi ënner anerem an Weltraumapplikatiounen fir Distanzmiessung agesat ginn an d'Synchronisatiounszäite bei Spread-Spectrum-Signalen verkierze kënnen. Weiderhin fannen JPL-Reien bei dem globalen Positiounssystem (GPS) fir d'Iwwerdroung vum militäresch genotzten P/Y-Code Gebrauch.

Äerdfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

An den 1970er hat d'JPL gewisen, datt ee mat den Instrumenter u Bord vun de Raumsonden och d'Äerd ënnersiche kann, wouraus d'Seasat-Missioun entstoung.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Missioune vum JPL gehéieren:

De JPL huet och Instrumenter fir aner Projete gebaut, zum Beispill d'Wäitwénkelkamera vum Hubble-Weltraumteleskop.

Lëscht vun den Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jet Propulsion Laboratory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Nicholas Booth: Die Erforschung des Sonnensystems: Atemberaubende Bilder aus dem Weltall, BLV, München 1996, ISBN 3-405-15022-1, S. 12