Jhang Meis

Vu Wikipedia
Jhang Meis
Gebuer 9. Dezember 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De Jhang Meis, gebuer den 9. Dezember 1947 zu Déifferdeng nieft der Minière « Tillebierg » ass e lëtzebuergesche Sculpteur, deen am Stol schafft. Hie wunnt zu Zolwer, wou hien och säin Atelier huet.

Tëscht 1963 an 1966 huet e seng Léier fir Ajusteur-Mecanicien op der HADIR gemaach. Duerno ass en op d'ARBED schaffe gaangen, bei där en op verschiddene Schmelze geschafft huet. 1973 huet e seng Meeschterprüfung gemaach a vun 1976 u war hien Instrukter an der Léierbud vun der Handwierkerschoul vun der ARBED zu Déifferdeng.

1998 huet en e stole Spoun verschafft an huet op déi Manéier seng éischt Skulptur geschaf.

Seng éischt Ausstellung hat en zesumme mat sengem Frënd, dem Téitenger Fotograf, Moler a Sculpteur Remo Raffaelli am Juli 2000 an der Buerg.

De Kënschtler realiséiert seng abstrakt Wierker, andeems hie Stol verschafft. Säi Material fënnt hien op Schrotttippen. Dat erlaabt him fir seng Statuen d'Matière première Stol heiansdo mat anerem Material, wéi Steen, ze kombinéieren.

Eenzelausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Steel and Painting sinn Ausstellungen, déi de Meis zesumme mam Raffaelli gemaach huet.

Jhang Meis Wierk xx
  • Juli 2000: Steel and Painting an der Buerg
  • Mäerz 2001: Steel and Painting, Galerie Maggy Stein zu Beetebuerg
  • Januar 2002: Steel and Painting, Centre culturel A Spiren zu Stroossen
  • September 2002: Steel and Painting, Centre culturel A Rousen zu Péiteng
  • Februar 2003: Steel and Painting, Schlass zu Hombourg a Frankräich]]
  • Abrëll 2003: Steel and Painting, an der lëtzebuergescher Ambassade zu Bréissel
  • Mee 2004: Steel and Painting, Gemeng zu Hesper
  • November 2004: Steel and Painting, Art-Hotel zu Oochen
  • Februar 2005: Stol-Fantasien, Galerie GAASCH à Dudelange
  • Abrëll 2005: Steel in Concert am Foyer vun der Galerie d'Art Théâtre Municipal, Esch-Uelzecht
  • Juli 2005: VITA an der Beeforter Kierch am Kader vun « Art in Beaufort »
  • Dezember 2005: Magie des Peintures et des Métaux, Galerie Marie-Paule Le Lourec, Lëtzebuerg
  • September 2006: Steel and Painting, Centre Culturel « A Rousen » - Pétange
  • November 2006: Grâce de l'Imaginaire, Galerie Marie-Paule Le Lourec, Lëtzebuerg
  • Abrëll 2008: Steel and Painting, Centre culturel A Rousen zu Péiteng
  • November 2008: Steel and Painting, Gemeng zu Hesper

Monumentalskulpturen[änneren | Quelltext änneren]

D'Olympesch Flam beim Sportlycée um Fetschenhaff. Am Hannergrond, de Reduit vum Fort Rumigny.

Kollektiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Jhang Meis a Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Zäitschrëft « Galerie 2000 » Juin 2000
  • Magasinn « Industrie et Economie » Juillet 2000
  • «Galerie 2000 » Octobre 2000
  • Zäitschrëft « Galerie 2000 » Mäerz 2001
  • Zäitschrëft « Galerie 2000 » October 2001
  • Zäitschrëft l « Galerie 2000 » November 2001
  • Galerie 2000 Arts et Oeuvres – 28e Salon de l'Art Contemporain – Kirchberg, Mäerz 2002
  • Zäitschrëft « Galerie 2000 » Januar 2002
  • Zäitschrëft « Galerie 2000 » August 2002
  • Portrait Artiste, TELECRAN Nr 37 vum 07.09.2002
  • Katalog ARTLEQUIN 2002
  • Katalog « DEFENSE D'AFFICHER » - Luxembourg 2003
  • Zäitschrëft « Galerie 2000 » Avril 2003
  • Revue – Portrait d'Artiste No 19 du 08.05.2004
  • VIIIme Salon de Peinture + Sculpture Huldang 2005
  • Déifferdang Magazin No 7 – 2006 Portrait d'Artiste
  • 4me Biennale d'Art Contemporain, 2007, Stroossen
  • Tageblatt 17.09.2008: Drei Spundbohlen für ein Stück Industriegeschichte
  • Wort 17.09.2008: Stählerne Flammen als Erinnerung an Hüttenarbeiter-Schicksale