Jim Clemes

Vu Wikipedia
Jim Clemes
Gebuer 29. Juli 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École spéciale d'architecture
Aktivitéit Architekt

De Jim Clemes, gebuer den 29. Juli 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Architekt.

Hien huet no der Première am Escher Jongelycée op der Miami University Ëmwelt-Design (environmental design) an op der École Spéciale d'Architecture zu Paräis Architektur studéiert. Duerno huet e beim Service des sites et monuments nationaux geschafft ier en 1984 seng eege Firma gegrënnt huet, den Atelier d'Architecture et de Design Jim Clemes.[1] Do schaffen haut 55 Leit.[2]

De Jim Clemes huet eng Rëtsch Gebaier zu Lëtzebuerg entworf a schafft och am Beräich Urbanismus.

Gebaier, déi hien (zum Deel mat aneren) entworf huet, sinn ë. a.:

De Jim Clemes huet och beim Waasser-Erhuelungszentrum Les Thermes zu Stroossen matgeschafft[12], grad wéi beim Entworf vun engem neie Quartier zu Déifferdeng.[13]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Jim Clemes", Den Escher 04, September 2005, S. 12.
  2. "Nom: Clemes, Prénom: Jim", Index 2009: L'Index des Décideurs.
  3. "Banque Générale du Luxembourg", Studio Cativelli.
  4. "5 projets lauréats récompensés lors du prix luxembourgeois d'architecture 2004", Fondation de l'architecture et de l'ingénierie.
  5. "Références", Jacquemart Marbrerie.
  6. "Inauguration officielle de la gare de Belval", Archiduc.
  7. "Melia Luxembourg" Gearchiveerd op 2011-07-14. Gekuckt de(n) 2013-11-07.
  8. "Kinneksbond Cultural Centre to Open over Hallowe'en Week-End", MyMosaik.lu.
  9. Prestatiounsbrochure op clemes.lu Gearchiveerd op 2016-08-23. Gekuckt de(n) 2016-08-08.
  10. "Jim Clemes pour le château d'eau de la Cloche d'Or." paperjam.lu, 20 février 2013.
  11. PC8: Piste cyclable entre le quartier Esch-Belval et Esch-sur-Alzette. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-12-26.
  12. "Les Thermes in Strassen, Luxembourg", Floornature.
  13. "Differdange: Un futur quartier en gestation", Le Quotidien, 23 November 2010.