Jim Parsons

Vu Wikipedia
Jim Parsons
Gebuertsnumm James Joseph Parsons
Gebuer 24. Mäerz 1973
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Filmproduzent
Den Jim Parsons

Den James Joseph „Jim“ Parsons, gebuer de 24. Mäerz 1973 zu Houston am Texas, ass en US-amerikanesche Schauspiller. Bekannt gouf en duerch seng Roll als Dr. Dr. Sheldon Lee Cooper an der CBS-Sitcom The Big Bang Theory.

Liewen a Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

De Parsons ass zu Houston am Texas grouss ginn, wou e schonn am éischte Schouljoer mat der Schauspillerei ugefaangen huet. No der Schoul huet e fir d'éischt op der University of Houston e Schauspill-Studium ugefaangen, dat en dann op der University of San Diego mat Erfolleg ofgeschloss huet. Souwuel zu Houston, wéi och zu San Diego huet en u verschiddenen Theater-Produktioune matgewierkt. Duerno ass en op New York gaange fir do weider senger Schauspill-Carrière nozegoen.

Seng éischt Fernseeroll krut de Parsons 2003 an der Serie Ed, wourop en nach eng Rei kleng Rollen a Fernsee- a Kinofilmer krut. An der Fernseeserie Judging Amy ass en 2004 an 2005 a siwe Follgen opgetrueden. Zanter 2007 spillt en d'Haaptroll vun der Sitcom The Big Bang Theory, déi vu CBS produzéiert gëtt. Zesumme mam Johnny Galecki hat en 2009 e Gaaschtoptrëtt an der Zeechentrickserie Family Guy jeeweils an hire Rollen aus The Big Bang Theory.

Fir seng Roll als Sheldon Cooper gouf en 2009 fir d'éischt fir den Emmy als beschten Haaptacteur an enger Comedyserie nominéiert, 2010 an 2011 huet en de Präis gewonnen. 2011 huet en och e Golden Globe gewonnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jim Parsons – Biller, Videoen oder Audiodateien