Jimmy Wales

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Jimmy Wales 2008

Den Jimmy Donal "Jimbo" Wales, gebuer de 7. August 1966 zu Huntsville, Alabama, ass en US-amerikanesche Geschäftsmann a Wiki-Pionéier.

No senge Studien op der Universitéit vun Auburn an der Universitéit vun Alabama gouf de Wales Derivaten-Trader op der Bourse vu Chicago, wou en souvill Sue gescheffelt huet datt e fir de Rescht vu sengem Liewen ausgesuergt huet.

1996 huet e säi Beruff un den Nol gehaangen an e Sichportal mam Numm Bomis gegrënnt, iwwer dat en ë. a. erotesch a pornographesch Biller verkaaft huet. De Wales ass hautdesdaags zwar net méi Direkter vu Bomis, mä ëmmer nach den Haaptaktionär an och en Employé vun där Firma.

Den Jimbo Wales mat zwee Bomis-Meedercher

Am Mäerz 2000 huet en den oppenen Enzyklopedie-Projet Nupedia gegrënnt an de Larry Sanger als Chefredakter agestallt. D'Nupedia ass awer dee kooperative Modell fir Artikelen ze schreiwen nach vill ze restriktiv ugaangen, sou datt dat Ganzt kee grousse Succès gouf an d'Internetsäit schlussendlech zougemaach gouf.

Sou koum et dann datt de 15. Januar 2001 de Wales, de Sanger an nach e puer anerer zesummen en neien Ulaf geholl hu fir eng fräi wiki-baséiert Enzyklopedie online ze bréngen: d'Wikipedia. Den 20. Juni 2003 huet de Wales dee ganze Projet der frësch gegrënntener Fondatioun Wikimedia ënnerstallt, an där hirem Direktiounskomitee de Wales selwer mat nach zwee anere Bomis-Mataarbechter d'Majoritéit huet, géint zwee vun der Wikipedia-Communautéit fräi gewielte Komiteesmemberen.

2004 huet de Wales dunn déi profitorientéiert Firma Wikia an d'Liewe geruff, déi de Webhosting-Déngscht Wikicities bedreift.

Fir d'Wikimedia z'ënnerstëtze reest de Wales dacks duerch d'Welt fir Konferenzen ze halen an op Wiki-Evenementer dobäi ze sinn (z. B. "Wikimeets" a "Wikimania"). Dacks gëtt en och als Gaaschtriedner engagéiert. Sou ass hien den 20. Juni 2013 vun 10:30 bis 11:15 als Riedner op der 'ICT Spring Europe 2013' an der Luxexpo um Kierchbierg.[1][2][3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jimmy Wales – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]