Joé Flick
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joé Flick, gebuer de 16. Juli 1979, ass e lëtzebuergesche Foussballsgoalkeaper. [1]
Den 29. Mee 2004 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe géint Portugal matgespillt. [2]
Hien huet vun 1999 bis 2001 beim CS Habscht gespillt, an der Saison 2001/2002 war hie bei der Union Lëtzebuerg ier hien bäi d'Jeunesse Esch gewiesselt huet wou hie bis 2007 bliwwen ass. Zënterhier spillt hie beim FC Etzella Ettelbréck. [3]