Joël Santer

Vu Wikipedia

De Joël Santer, gebuer an der Stad de 4. Abrëll 1972 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Organist. Hien ass zu Wecker opgewuess.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

No senger Lycéeszäit am Eechternoacher Kolléisch am Joer 1994 ass hien an de Grand Séminaire de Luxembourg agetratt. Seng philosophesch an theologesch Studien huet hien zu Bréissel am "Centre d'études théologiques et pastorales" gemaach, an huet wärendeem am Séminaire archiépiscopal de Malines vum Äerzbistum Mechelen-Bréissel seng Priisterausbildung gemaach.

Nieft dem Studium huet hie wärend zwee Joer eng “insertion pastorale” an der Par Saint-Paul zu Bréissel/Woluwé-Saint-Pierre gemaach, wou hien an der “Equipe baptêmes” matgeschafft huet. Wärend weideren zwee Joer war hien an engem Pastoralstage an de Pare Saint Médard a Saint-Lambert zu Jodoigne am Wallounesche Brabant.

Paschtouer[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien den 18. Dezember 1999 zum Diakon geweit gouf, war hien Diakon an der Par Diddeleng. Zu sengen Aufgaben huet de Reliounsunterrecht an zwou Diddelenger Schoule gehéiert.

Zesumme mat dräi anere Seminaristen ass hien den 1. Juli 2000 vum Äerzbëschof Fernand Franck an der Stater Kathedral zum Priister geweit ginn. Seng Primiz gouf den 9. Juli 2000 zu Wecker gefeiert.

Am September 2000 koum hien als Kaploun an de Parverband Miersch mat Wunnsëtz am Miesdrëfer Paschtoueschhaus (09.07.2000 - 21.08.2004).

Den 21. August 2004 gouf hie vum Äerzbëschof als Paschtouer-Moderator an engem Pastoralteam fir de Parverband Sankt Willibrord Helpert (Pare Béiwen/Atert, Bëschdref, Biissen, Bruch (Miersch), Gräisch, Sëll, Simmer, Tënten a Rued/Simmer) mat Wunnsëtz zu Bruch ernannt, wou hie bis haut wierkt a schafft. Vum 1. Februar bis zum 8. Juli 2014 war hien och gläichzäiteg Paschtouer zu Diddeleng.

De Joël Santer war och vun 2001-2015 Reliounsenseignant am Lycée Aline-Mayrisch. Hien ass Kantonalaumônier vun de Pompjeeën am Mierscher Kanton an ass aktiv an der Permanence an der Ettelbrécker Clinique Saint-Louis vum Centre hospitalier du Nord.

Museker an Organist[änneren | Quelltext änneren]

De Joël Santer huet den éischte Präis am Solfège an déi 2. Mentioun Piano gemaach an der Museksschoul zu Maacher, Harmoniecoursen an den 2. Präis Uergel zu Iechternach beim Jean-Marie Kieffer a Carlo Hommel. Gregorianesche Gesank huet hien och beim Carlo Hommel studéiert. Perfektiounscoursen huet hien zu Bréissel beim Xavier Deprez a Béatrice Sépulchre-Milcamps gemaach.

Vun 1988 bis 2011 huet hien all Joer am August een Uergelconcert zu Bäerdref ginn, wou hie vun 1987 bis 2000 Organist war. Weider Concerten huet hien op den Uergelen zu Meechtem[1], Märel, Helzen, Lëtzebuerg-Gare an Diddeleng gespillt. Als les trois prêtres trëtt hien zesumme mam Patrick Muller a Francis Erasmy bei Uergelconcerten op.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Uergelprojet Meechtem Gearchiveerd op 2018-10-19. Gekuckt de(n) 2013-12-09.