Joëlle Elvinger

Vu Wikipedia
Joëlle Elvinger
Gebuer 6. Januar 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Paul-Cézanne,
INSEAD,
Stater Jongelycée
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Demokratesch Partei

D'Joëlle Elvinger, gebuer de 6. Januar 1980[1] ass eng lëtzebuergesch Affekotin[2] a Politikerin (DP).

D'Joëlle Elvinger gouf 2005 an de Gemengerot vu Walfer gewielt, a gouf do 2011 zweete Schäffen. Si war vu Januar 2016[3] bis d'Gemengewale vum Oktober 2017 Buergermeeschtesch.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet si op der DP-Lëscht vum Walbezierk Zentrum kandidéiert, an ass, nodeem d'Corinne Cahen op hiert Deputéiertemandat verzicht huet fir Ministesch ze ginn, de 5. Dezember an d'Chamber "nogerëtscht". Dat selwecht geschouch de 6. Dezember 2018, no de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[4] Enn 2019 huet si hiert Chambermandat opginn, fir vun 2020 u lëtzebuergesche Member vum Europäesche Rechnungshaff ze ginn.[5]

D'Joëlle Elvinger ass d'Duechter vum René Elvinger, dem Besëtzer vu Cebi International[6] mat Sëtz zu Steesel.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op chd.lu.
  2. Fiche op barreau.lu
  3. "Walfer huet zanter en Dënschdeg eng nei Buergermeeschtesch." rtl.lu, 06.01.2016, 06:39:57.
  4. "Actualités" op chd.lu, 6.12.2018.
  5. "E spannend Mandat fir eng iwwerzeegten Europäerin." rtl.lu, 04-12-2019.
  6. La foie intacte op paperjam.lu vum 21. Juni 2016