Joachim Gauck

Vu Wikipedia
Joachim Gauck
Gebuer 24. Januar 1940
Rostock
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker, Paschtouer, Saachbuchauteur, Universitéitsprofesser, Journalist
Famill
Liewenspartner(in) Daniela Schadt

De Joachim Gauck, gebuer de 24. Januar 1940 zu Rostock, war vun 2012 bis 2017 deen eelefte Bundespresident vun Däitschland. Virdru war hien evangeelesch-lutheresche Pastor a Kierchefonctionnaire (1982-1990), no der Wende 1990 Deputéierten an der DDR-Volkskammer fir Bündnis 90. Vun 1990 bis 2000 war hie Bundesbeauftragter für die Stasi-Unterlagen, d. h. Kommissär zoustänneg fir d'Stasi-Archiven.

Hie war och Publizist, President vun der Associatioun Gegen Vergessen – Für Demokratie an ee vun den Initiateure vun der Prager Erklärung an der Erklärung über die Verbrechen des Kommunismus. Den 18. Mäerz 2012 gouf hie mat grousser Majoritéit vun der Bundesversammlung zum Bundespresident gewielt, nodeem en 2 Joer virdrun als Kandidat vun der Oppositioun géint de Christian Wulff ënnerleeë war.

Als Bundespresident war hie vum 3. bis 5. November 2014 op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg, wou en ë. a. bei enger Zeremonie fir d'Vergréisserung vum Pompelspäicherwierk Veianen dobäi war, souwéi de Schengener Lycée an d'Uni Lëtzebuerg um Belval besicht huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joachim Gauck – Biller, Videoen oder Audiodateien