Joachim von Ribbentrop
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joachim von Ribbentrop, gebuer den 30. Abrëll 1893 zu Wesel a gestuerwen de 16. Oktober 1946 zu Nürnberg, war en däitschen Diplomat a Politiker.
Hie war vun 1938 un ënnert dem Adolf Hitler Ausseminister vun Däitschland.
Hie gouf am Nürnberger Prozess géint d'Haaptkrichsverbriecher an allen Uklopunkte schëlleggesprach, zum Doud veruerteelt an duerno higeriicht.
| Commons: Joachim von Ribbentrop – Biller, Videoen oder Audiodateien |