Joan Enric Vives i Sicília
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Joan-Enric Vives i Sicília gebuer zu Barcelona de 24. Juli 1949 ass Bëschof vun Urgell an domatter Coprënz vun Andorra.
Hie gouf de 24. September 1974 zum Geeschtleche geweit, a gouf den 9. Juni 1993 Auxiliairebëschof vu Barcelona , mat dem Titel Bëschof vun Nona. De 25. Juni 2001 gouf hie Coadjuteur vum deemolege Bëschof vun Urgell, dem Joan Martí Alanis, deen den12. Mee 2003 a Pensioun goung. Duerno gouf de Joan Enric Vives i Sicília do Bëschof.