Joaquín Torres García
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Joaquín Torres García: "Constructivo con campana" vun 1932; Ueleg op Léngen; 73,1 x 60,2 cm ; D'Bild hänkt am Museo Tamayo Arte Contemporáneo zu Mexiko-Stad
De Joaquín Torres García gebuer den 28. Juli 1874 zu Montevideo, a gestuerwen den 8. August 1949 och do, war en uruguayesche Moler.
Dem Torres säi Papp war Spuenier, an deen ass wéi de Joaquín 17 Joer al war, mat senger Famill nees zréck vum Urugay a Katalounien geplënnert.
Den Torres huet säi Konschtstudium zu Barcelona op der Escuela Oficial de Bellas Artes gemaach.
Wéi den Joaquín Torres 1934 mat senger Famill an den Urugay geplënnert ass, gouf hien den 8. Oktober Professer op der Facultad de Arquitectura del Uruguay genannt.
Seng Schrëften (Auswiel) [änneren]
- Historia de mi vida, 1939, Publicaciones de la Asociación de Arte Constructivo, Montevideo. Seng Autobiographie, déi hien an der drëtter Persoun geschriwwen huet.
- Histoire de ma vie, 2000, eng Iwwersetzung vun der Catherine Ballestero, Ides et Calendes, Collectioun Pergamines
- Metafísica de la Prehistoria Indoamericana, 1939, Publicaciones de la Asociación de Arte Constructivo, Montevideo
Um Spaweck [änneren]
- Websäit vum "Museo Torres García vu Montevideo op Spuenesch
| Commons: Joaquín Torres García – Biller, Videoen oder Audiodateien |