Johan Ludvig Emil Dreyer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Johan Ludvig Emil Dreyer

De Johan Ludvig Emil Dreyer, gebuer den 13. Februar 1852 zu Kopenhagen a gestuerwen de 14. September 1926 zu Oxford, war en däneschen Astronom a Wëssenschaftshistoriker.

Schonn a senger Schoulzäit zu Kopenhagen huet den Dreyer aussergewéinlech Talent a Mathematik, Physik a Geschicht bewisen. Astronomie a Wëssenschaftsgeschicht waren déi Fächer, an deenen hie spéider besonnesch aktiv ginn ass. Vun 1874 un huet hien un deem grousse Spigelteleskop vum Lord Rosse zu Birr Castle ge schafft, wou hie sech intensiv mat de niwwelegen Himmelsobjete beschäftegt huet. Vun 1878 bis 1882 war hien als Assistent am Dunsick Observatoire aktiv, da gouf hien Direkter um Armagh Observatoire.

Do huet hien op Resultater zréckgegraff, déi hie selwer schonn zu Birr Castle gewonnen hat, op eng Rei vun eeleren Niwwelkatalogen (vum Wilhelm Herschel ë. a.) an op de Second Armagh Catalogue of Stars. Am Joer 1888 gouf hien de New General Catalogue of Nebulae and Clusters of Stars (NGC) mat 7840 Daten eraus, an och Supplementer, d'Index-Katalogen I (1895) an II (1908) mat weidere 5.386 Objeten. An der Tëschenzäit sinn eng Rëtsch vu Spezialkatalogen erauskomm, awer den NGC ass bis haut d'Referenzwierk.

Den Dreyer huet sech besonnesch fir d'Aarbecht vu sengem Landsmann Tycho Brahe interesséiert. Dem Dreyer seng Tycho-Biographie (1890) ass bis haut d'Standardbiographie vu sengem Virleefer, dem Johannes Kepler. Si gouf vervollstännegt duerch déi ëmfaassend Editioun vu sämtleche Wierker vum Tycho a laténgescher Sprooch.

  • 1906 huet hien The History of the Planetary System from Thales to Kepler verëffentlecht;
  • 1912 huet hien d'biographesch Aféierung zu The scientific papers of Sir William Herschel verfaasst. Heifir huet e sämtlech Manuskripte kritesch duerchgekuckt.

Den Dreyer war bis 1916 Direkter vum Armagh Observatoire (Nordirland). 1916 krut hien d'Gold Medail vun der Royal Astronomical Society. 1923/24 war den Dreyer President vun der Royal Astronomical Society.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie