Johann Ambrosius Zobel

Vu Wikipedia

De Pater Johann Ambrosius Zobel, gebuer de 7. Dezember 1815 zu Schattwald[1] am Tiroul a gestuerwen de 6. September 1893 an der Stad Lëtzebuerg,[2], war en éisträichesche Redemptoristepater, deen zu Lëtzebuerg gelieft huet.

Dem Pater Zobel säi Wierk zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Pater Zobel koum 1846 fir d'éischt op Lëtzebuerg fir Exerzitiecourse fir d'lëtzebuergesch Geeschtlecher ze halen.[3] Sou richteg huet seng Carrière zu Lëtzebuerg awer eréischt mat der éischter Redemptoristen-Missioun ugefaangen, där hiren Optakt den 30. Mäerz 1851 an der Stad war.[4] Am September 1851 ass hien nees op Lëtzebuerg komm fir Exerzitie fir déi Geeschtlech ofzehalen.[5] De 7. Dezember 1851 huet hie sech mat e puer anere Redemptoristen definitiv an der Stad an engem Haus an der Chimaystrooss (Dräikinniksgaass) etabléiert. Am Mee 1852 si si an d'Kapuzinerstrooss, wou se en Terrain mat engem klengen Haus kaaft haten, geplënnert. Do haten se Plaz genuch, fir spéider e Klouschter an eng Kierch ze bauen.[6]

De Bau vun der Kierch, deen ënner der Opsiicht vum Pater Zobel stoung, huet vun 1856 bis 1858 gedauert. D'Kierch, där hiren offiziellen Numm St.-Alphonsus-Kierch war, gouf am Volleksmond Patrekierch genannt.

De Bau vum Klouschter, deen och vum Pater Zobel geleet gouf, huet den 19. Abrëll 1865 mat dem Leeë vum Grondsteen ugefaangen, an de 17. Oktober 1865 konnten d'Patere schonn an dat fäerdegt Gebai anzéien.[6]

De Pater Zobel war fir seng vehement Priedegte bekannt, an d'Missioune vun de Redemptoriste sinn a ville bourgeoise Kreesser op Widderstand gestouss. Den Industriellen J. Fr. N. Boch-Buschmann huet souguer emol gedreet, seng Fabrick am Rollengergronn zou ze maachen, wann d'Redemptoristen do net hir Missioun géifen ofbriechen. De Provikar Adames huet zwar noginn, awer de Boch-Buschmann exkommunizéiert.[7]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lebensreegel für katholische Christen, oder Andenken an die hl. Mission von Luxemburg, vom 30. März bis 9. April. Behm, Luxemburg 1851, 12 S.
  • Lebensreegel für katholische Christen, oder Andenken an die hl. Mission von Echternach, vom 11. Dezember 1852 bis 2. Januar 1853. Bück, Luxemburg 1853, 12. p.
  • Der Redemptorist P. Philipp Krier, gest. zu Diekirch am 14. April 1866. Ein Lebensbild von P. Joh. Ambrosius Zobel, Mitbruder des Verstorbenen. Gebr. Heintze, Luxemburg 1866, 99 S.
  • Leichenrede auf den hochwürdigsten Herrn Titular-Erzbischof von Cyrra Nikolaus Adames, ersten Bischof von Luxemburg: gehalten am 13. März 1887 in der St. Alphonsuskirche zu Luxemburg von Joh. Ambr. Zobel. V. Bück, Luxemburg 1887, 43 S.

D'komplett Lëscht vum Zobel senge Publikatiounen ass am Martin Blum senger Bibliographie ze fannen.[8]

De Pater Zobel am Volleksmond[änneren | Quelltext änneren]

De Pater Zobel, dee dofir bekannt war, kee Blat virun de Mond ze huelen, huet nach laang no sengem Doud am Volleksmond weidergelieft. Seng "markige Worte", wéi et op Däitsch formuléiert war, hätten him eng onstierflech Reputatioun beim Vollek bruecht, esou huet et nach 1945 an der Zeitung geheescht.[9]

Den Zobel ass awer och zum Protagonist vun enger Rei vu Witzen oder Schnoke ginn.

Ënner dem Titel Nach eng vum Pater Zobel konnt ee 1926 an enger Publikatioun vum Luxemburger Bruderbund an Amerika dës Geschicht liesen (Schreifweis vun deemools):[10]

De Pater Zobel getre'scht hat, we' sech haut nach jidderên z'erönnere wêss, de' lescht Zeit nöt ganz gutt gehe'ert.

Eng gewöss Zort vu Studenten ass duerfir ganz gär bei hie beichte gaangen.

E gudden Dag könnt du och de nidderträchtige Fenny aus der Troisiéme B an de Beichtstull, kne't nidder a fänkt un: “Paulus schrieb an die Korinther, wer im Sommer einen Schnaps trinkt, sauft ihn auch im Winter. Selig sind die Toten, die haben keine kalten Pfoten. Wenn du noch eine Schwester hast, die scheel, bucklig ist und mager, und sie hat dabei kein Geld, dann kriegst du niemals einen Schwager…”

Du huet de Pater de Fenny önnerbrach: “Sie irren sich, junger Mann, Pater Zobel sitzt heute drüben auf der andern Seite.”

D'Tageblatt huet am Joer 1933 un déi heiten Anekdot iwwer de Pater Zobel erënnert:[11]

Zu dem Gottesmann ging mal ein frummes Weiblein beichten (…):

“Herr Pater, ich habe manchmal Erscheinungen.”

“Was sind das für Erscheinungen?”

“Abends, wenn ich im Bette liege, erscheint mir oft der heilige Petrus.”

“Hm, hm.”

Nach einigem Nachdenken fragt Pater Zobel: “Trinken Sie nicht manchmal ein Gläschen Branntwein, so abends vor dem Schlafengehen? Sagen Sie mir unbedingt die Wahrheit.”

Die Greisin gesteht ein, daß sie tatsächlich manchmal so ein “Dröpchen” zu sich nimmt.

“Nun, sagt Pater Zobel, dann ist die Sache nicht so schlimm. Versuchen Sie mal und trinken Sie statt eines Gläschens deren zwei. Dann wird Ihnen auch noch der Heilige Paulus erscheinen.”

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1936. Die Redemptoristen in Luxemburg. Luxemburger Wort 1936 (10. Juni), S. 3. [12]
  • Anonym, 1996. Personnagen: Pater Zobel. Lëtzebuerger Journal 1996 (7./8. Dezember), S. 9.
  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. É. Kutter, Luxemburg, 514 S. (P. A. Zobel, S. 253).
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 2: M-Z. Kraus International Publications, 700 S.
  • Bost, B., 2015. Vor 200 Jahren wurde P. Ambrosius Zobel geboren, “der größte Kanzelredner Luxemburgs”. Die Warte 2015, Nr. 35 (10. Dezember); S. 2-3.
  • [Reuter, J.], 1855. [Anrede, gehalten an P. Zobel, den 12. August 1855, um ihn zu seiner glücklichen Rückkehr aus Rom zu beglückwünschen.][12] Luxemburger Wort 1855, Nr. 96 (15. August), S. 3. [13]
  • Zender, P., 1894. P. Joh. Ambrosius Zobel: Priester des Redemptoristen-Ordens: ein Lebensbild. Luxemburger Wort 1894, Nr. 64 (5. März) bis Nr. 108 (18. April).
  • Zender, P., 1894. P. Joh. Ambrosius Zobel: Priester des Redemptoristen-Ordens: ein Lebensbild. St. Paulus-Gesellschaft, Luxemburg, 246 S.
  • Zender, P., 1894. P. Joh. Ambrosius Zobel: Priester des Redemptoristen-Ordens: ein Lebensbild. 2. Auflage. Laumann, Dülmen, 255 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuckt: Gemeinde Schattwald
  2. Luxemburger Wort 1893, Nr. 250 (7. September), S. 2 (Lokal-Neuigkeiten). [1] Kuckt och: Luxemburger Wort 1894, Nr. 107 (17. April), S. 2-3 (P. Joh. Ambrosius Zobel, 36. Fortsetzung). [2]; Luxemburger Wort 1894, Nr. 108 (18. April), S. 2-3 (P. Joh. Ambrosius Zobel, 37. Fortsetzung) [3]
  3. Luxemburger Wort 1894 (17. März), S. 2 (P. Joh. Ambrosius Zobel, 11. Fortsetzung), [4]
  4. Luxemburger Wort 1851, Nr. 40 (2. April), S. 2 (Inland). [5]; Luxemburger Wort 1894, Nr. 79 (20. März), S. 2-3 (P. Joh. Ambrosius Zobel, 13. Fortsetzung). [6]
  5. Luxemburger Wort 1894, Nr. 79 (20. März), S. 3 (P. Joh. Ambrosius Zobel, 13. Fortsetzung). [7]
  6. 6,0 6,1 Luxemburger Wort 1894, Nr. 80 (21. März), S. 2-3 (P. Joh. Ambrosius Zobel, 14. Fortsetzung). [8]
  7. Muller, P. J., 1968. Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vlg. "De Frendeskres" u. Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg, S. 255-256.
  8. Blum 1981, S. 622-624.
  9. Luxemburger Wort 1945, Nr. 341 (7. Dezember), S, 1 (Edisons elektrisches Theater) [9]
  10. Fest-Programm: 22. jährliche Schobermesse veranstaltet von Section No. 3 (Rogers Park). Luxemburger Bruderbund 1925, S. 9. [10]
  11. Escher Tageblatt 1933, Nr. 56 (8. März), S. 8 (Wallfahrt zu den “Englein” von Schönfels). [11]
  12. Blum 1981, S. 331.