Johann Eberhard Jungblut

Vu Wikipedia
Johann Eberhard Jungblut
Gebuer 18. Oktober 1722
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Juli 1795
Prinzendorf an der Zaya
Aktivitéit kathoulesche Priister, Paschtouer
D'Monument zu Prinzendorf.

De Johann Eberhard Jungblut, gebuer den 18. Oktober 1722 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 7. Juli 1795 zu Prinzendorf an der Zaya, war e lëtzebuergesche Priister, deen am Weinviertel an Nidderéisträich gewierkt huet.[1]

Leben[änneren | Quelltext änneren]

De Jungblut huet zu Tréier studéiert. Seng Priisterwei krut hie 1757 zu Gorizia, enger italieenescher Stad, déi deemools zu Éisträich gehéiert huet. 1759 koum hien als Kooperator (Kaploun) op Wilfersdorf an Nidderéisträich, 1760 gouf hien net weit dovun ewech Paschtouer zu Prinzendorf an der Zaya.[2] Et liest een awer och, de Jungblut wier an de Jore 1758 an/bis 1760 Kooperator zu Wilfersdorf gewiescht, an op Prinzendorf wier hien eréischt 1761 komm.[3]

Hie soll 1761 d'Gromper zu Prinzendorf agefouert an domat den Ustouss fir hiren Ubau an Nidderéisträich ginn hunn. D'Knolle sollen aus senger Heemecht komm sinn. Well den Herzogtum Lëtzebuerg deemools zu den Éisträicheschen Nidderlanden gehéiert huet, ass de Jungblut fälschlecherweis als "Hollänner" an déi lokal Geschicht agaangen. Seng Efforte fir d'Abiergerung an d'Verbreedung vun der Gromper an Nidderéisträich hunn him de Spëtznumm "Erdäpfelpfarrer" abruecht.

Säin Nofollger, de Paschtouer Franz Xaver Elsner,[4] huet him zu Éieren am Joer 1834 op der hënneschter Säit vun der Parkierch e Monument opriichte gelooss, op deem ze liese steet:[5]

Ihm,
dem ersten Pflanzer jener Knollen,
die in großer Not sich so bewährt,
will die Nachwelt ihren Dank hier zollen,
wenn sie seine Ruhestätte ehrt.
Heb ab, Wanderer, dankbar deinen Hut:
Hier liegt Johann Eberhart Jungblut!

D'Ërennerung un den "Erdäpfelpfarrer" gëtt mat enger permanenter Ausstellung am “Prinzendorfer Erdäpfelmuseum”, deen 1973 gegrënnt gouf an 1974 opgaangen ass, wakreg gehalen.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Flammang 1986/1987; Massard 2009, Nr. 19 (cf. Literatur)
  2. Flammang 1986, S. 188; Flammang 1987, S. 238 (cf. Literatur).
  3. Cf. S. 16: M. Messerer: Die Unterschichten der ländlichen Bevölkerung mit Beispielen aus dem Weinviertler Museumsdorf Niedersulz. Diplomarbeit zur Erlangung des Magistergrades der Philosophie. Wien 2008, 189 S.
    Kuckt och: NÖ Landesmuseum: Personen.
  4. NÖ Landesmuseum: Chronik
  5. Jungblut-Denkmal in Prinzendorf.
  6. Erdäpfelmuseum Prinzendorf