Johann Evangelist Helfenzrieder

Vu Wikipedia
Johann Evangelist Helfenzrieder
Gebuer 9. Dezember 1724
Landsberg am Lech
Gestuerwen 25. Mäerz 1803
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom, Mathematiker

Den Johann Evangelist Helfenzrieder, gebuer den 9. Dezember 1724 zu Landsberg am Lech (Bayern) a gestuerwen de 25. Mäerz 1803 zu Raitenhaslach/Altötting, war en däitsche Jesuitt, Mathematiker an Astronom.

Den Dokter an Theologie léiert zu Ingolstadt a war 1770 bis 1781 Professer fir Mathematik.

Berüümt gouf hien awer duerch d'Entdeckung vom Koméit D/1766 G1, dee säin Numm dréit. Op den 1. Abrëll 1766 huet hien zu Dillingen un der Donau de Koméit entdeckt. Nëmmen 8 Deeg méi spéit huet de Charles Messier dëse Koméit och entdeckt. Berechnungen hunn erginn, datt dëse Koméit eng Period vu 4 1/2 Joer hätt. Hie gouf awer ni méi erëm gesinn!

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie