Johann Heinrich Mädler

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Johann Heinrich von Mädler, Lithographie vum Rudolf Hoffmann, 1856

De Johann Heinrich Mädler, zanter 1865 von Mädler, gebuer den 29. Mee 1794 zu Berlin a gestuerwen de 14. Mäerz 1874 bei Hannover war en däitschen Astronom.

De von Mädler hat ënner anerem detailléiert Äerdmoundkaarte gezeechent, déi joerzéngtelaang d'Standardwierk vun der Moundfuerschung waren, d'tropescht Joer hat hien och prezis berechent, 1864 hat hien eng nei Schaltregel fir de Kalenner virgeschloen.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Mädler koum als Jong vun engem Berliner Schneidermeeschter op d'Welt. Bei senger Gebuert war hien allerdéngs sou schwaach, datt se gemengt haten, hie kënnt nëmmen e puer Stonnen iwwerliewen. Am Laf vun de Joren huet sech seng Verfaassung verbessert an 1806 koum hien an e Berliner Lycée.

Am Joer 1813 si seng Eltere banne sechs Wochen un Typhus gestuerwen an den 19-järege Johann Mädler huet sech ëm d'Erzéiung vu sengen dräi Schwësteren (14, 11 a 5 Joer) misse këmmeren.

Hien hat ëmmer de Wonsch Mathematik an Astronomie ze studéieren. Duerch de Verloscht vu sengen Eltere war dëst awer net méiglech. Déi nächst fënnef Joer huet de Mädler sech a seng Schwësteren duerchbruecht, andeems hien Nohëllefstonne ginn huet. Während senger fräier Zäit léiert hie sech duerch Selbststudium.

1818 konnt hien endlech e Studium an der neier Universitéit Berlin ufänken. Hei studéiert hie Mathematik ënner dem Georg Simon Ohm an Astronomie ënner der Leedung vum Johann Elert Bode an dem Johann Franz Encke. Spéider huet hien du selwer Virliesunge ofgehalen a krut 1822 eng Plaz als Tutor. Am gläiche Joer huet hie mat meteorologesche Observatiounen ugefaangen déi regelméisseg publizéiert goufen.

1830 huet de Mädler eng Aarbecht um kinnekleche Pädagogeseminar zu Berlin opgeholl. 1833 féiert hien am Optrag vun der preisescher Regierung um Kap Arkona, dem nërdlechste Punkt vun der Insel Rügen, exakt Zäitbestëmmungen duerch. Dës goufe fir eng russeschchronometresch Expeditioun“ gebraucht.

1824 mécht de Mädler d'Bekanntschaft vum Wilhelm Beer, engem un der Astronomie intresséierte räiche Berliner Banquier a Brudder vum Komponist Giacomo Meyerbeer. De Beer huet sech vum Mädler an d'Astronomie an an déi héich Mathematik aféiere gelooss. 1829 huet de Beer e privaten Observatoire an der Géigend vu senger Villa baue gelooss, dee mat engem ganz gudden Achromat mat 9,5 cm Ëffnung an 1,5 m Brennwäit vum Fraunhofer equipéiert gouf. Do hunn de Mädler an de Beer an den nächste Joren Observatioune vum Äerdmound a vun de Planéite gemaach.

Am Joer 1830 hunn déi zwéi de Mars observéiert an hunn éischt genee Kaarte vum Planéit gezeechent. Si hunn och seng Rotatiounsperiod bestëmmt. Dee vun hinne festgestallte Wäert wäicht nëmmen 13 Sekonne vun deem mat haitege Mëttele bestëmmte Wäert of. Ausserdeem hu si den Nullmeridian vum Mars festgeluecht.

Tëscht 1830 an 1836 huet de Mädler während 600 Nuechten Zeechnunge vun der Mounduewerfläch gemaach. Entstanen ass eng grouss Äerdmoundkaart mat véier Blieder. Dat éischt Blat koum 1834 eraus, d'Lithographie hat säi Cousin, de Leitnant Vogel, ugefäerdegt. Zesumme mat engem Textwierk Allgemeine Selenographie goufen d'Kaarten 1837 an zwéi Bänn publizéiert. D'Käschten heifir hat de Beer iwwerholl. 1838 hu si eng kleng Versioun vun der Moundkaart (33 cm Duerchmiesser) publizéiert. D'Kaarte goufen zum Standardwierk fir all Astronom. De Mädler gouf weltberühmt a krut eng Onmass Auszeechnungen. Hie krut en Doktorgrad a gouf zum Professer fir Astronomie ernannt.

Duerch seng Aarbechten iwwer den Äerdmound hat de Mädler och seng spéider Fra kennegeléiert. D'Haffrätin Wilhelmine von Witte (17. November 1777 bis 17. September 1854) aus Hannover, déi och un der Astronomie interesséiert war, huet e Moundglobus no eegenen Observatiounen an dem Mädler sengen Zeechnunge konstruéiert. Wou si héieren huet, datt de Mädler sech am Hierscht 1839 zu Pyrmont opgehalen huet, ass si a Begleedung vun hirer eelster Duechter Minna (18041891) dohi gereest, fir hien no senger Meenung ze froen. Dem Mädler huet net nëmmen de Moundglobus gefall, mä och d'Dichterin Minna, dat vun hirer Mamm an Astronomie ënnerriicht gi war. Déi béid hu sech am Juni 1840 bestuet a waren iwwer 35 Joer zesummen. De Moundglobus gouf spéider vum Alexander von Humboldt an dem John Herschel gelueft.

1836 hat de Mädler eng Plaz als Observateur am neie Berliner Observatoire ugeholl, den Direkter war säi fréiere Professer Johann Franz Encke. Hei huet de Mädler Observatioune mam 24-cm-Lënsenteleskop gemaach.

1840 ware verschidden Direkteschplazen an europäeschen Observatoire fräi – de Mädler hat sech fir den Observatoire Dorpat entscheed, deemools ënner russescher Administratioun, wou de gréisste vum Joseph von Fraunhofer gebaute Refrakter stoung.

De Mädler huet dem Wilhelm Struve seng Observatioune vun Duebelstäre weidergefouert a huet d'Eegebewegunge vu Fixstären ausgerechent.

Während senger Zäit zu Dorpat hat de Mädler am Optrag vun der russescher Regierung zweemol Expeditioune fir d'Observatioun vun totale Sonnendäischterte geleet. Déi éischt, 1860 zu Brest-Litowsk, deemools Russland haut Wäissrussland, konnt opgrond vu schlechtem Wieder net gekuckt ginn. Déi zweet, 1861 zu Vitoria a Spuenien, war erfollegräich.

Ausserdeem berechent de Mädler d'tropescht Joer ganz prezis.

De Mädler war während senger ganzer wëssenschaftlecher Tätegkeet en onermiddleche Publizist. Hien huet wëssenschaftlech Dagesfroe an ëffentleche Blieder an Zäitschrëften a verständlecher Aart a Weis behandelt. An engem Bericht iwwer e Referat vum Fotopionéier William Henry Fox Talbot ass hie wäit iwwer déi Talbotsche Matdeelungen eraus gaangen an huet als éischten, nach virun engleschen oder franséische Publikatiounen, an der Vossischen Zeitung vum 25. Februar 1839 de Begrëff Fotografie gebraucht.[1]

1865 ass de Mädler an d'Pensioun gaangen a gouf an de russeschen Adelsstand gehuewen. Duerno goung hien nees zréck an Däitschland. Aeproblemer haten Observatiounen onméiglech gemaach. No enger erfollegräicher Aenoperatioun zu Wiesbaden huet hie sech sengem Wierk „Geschichte der Himmelskunde“, higinn, dat 1873 publizéiert gouf.

De Mädler ass am Alter vun 79 Joer no enger Krankheet vu 6 Méint zu Hannover gestuerwen.

Zu sengem Gedenke goufen e Krater um Mound (Mädler (Äerdmoundkrater)) an um Mars no him genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Heinrich Mädler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Erich Stenger: Der Ursprung des Wortes "Photographie". In: der freie lichtbildner (Offizielles Organ des Arbeiter-Lichtbild-Bundes), Jg. 2, Nr. 2, 15. Februar 1933, S. 14f