Johann Wolfgang von Goethe

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Johann Wolfgang von Goethe
De Johann Wolfgang von Goethe am Alter vun 62 Joer
Gebuertsnumm Johann Wolfgang Goethe
Gebuer 28. August 1749
Frankfurt am Main
Gestuerwen 22. Mäerz 1832
Weimar
Doudesursaach Häerzschlag
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Botaniker, Politiker, Moler, Philosoph, Theolog, Jurist, Konschtkritiker, Musekskritiker, Bibliothecaire, Dichter, Reesschrëftsteller, Physiker, Literat, Romancier, Dramatiker, Autobiograph, Diplomat, Staatsmann, Polymath, Aphoristiker, Diarist, Mineralog, Zoolog, Affekot, Komponist, Librettist, Schrëftsteller, visuelle Kënschtler, Konschthistoriker
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Fräimaurerei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Johann Wolfgang von Goethe, gebuer den 28. August 1749 zu Frankfurt am Main als Johann Wolfgang Goethe, a gestuerwen den 22. Mäerz 1832 zu Weimar, war en däitschen Dichter, Staatsmann an Naturwëssenschaftler. Hien ass dee bekanntste Vertrieder vun der "Weimarer Klassik" an eng grouss Perséinlechkeet vun der Weltliteratur, deen och nach hautdesdaags villen duerch säin Drama Faust an Erënnerung bliwwen ass.

Hie war mat der Christiane von Goethe, gebuere Vulpius bestuet; säin eenzege Bouf war den August von Goethe.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Text um Gedenksteen um Fëschmaart als Erënnerung un dem Goethe säi Besuch zu Lëtzebuerg

De Goethe gouf den 28. August 1749 als Jong vum Johann Caspar Goethe, engem Jurist, a senger Fra Catharina Elisabeth (gebueren Textor), zu Frankfurt am Main gebuer. Am Joer 1750 koum seng kleng Schwëster Cornelia op d'Welt, wat ausser dem Goethe als eenzegt vun nach véier Geschwëster d'Kandheet iwwerlieft huet. De Goethe krut eng gutt Erzéiung an der Literatur; en huet Latäin, Griichesch, Hebräesch, Franséisch, Englesch an Italieenesch geléiert. Ausserdeem krut e Coursen am Zeechnen, Pianospillen, Fechten a Reiden.

Am Joer 1765 huet de Goethe ugefaangen, op Wonsch vu sengem Papp, zu Leipzeg Droit ze studéieren. Dobäi hat hie säin éischte Kontakt mat de Schrëfte vum Johann Joachim Winckelmann an hien huet ugefaange selwer Gedichter ze schreiwen. Well en awer schwéier krank ginn ass, huet hien dräi Joer méi spéit zeréck op Frankfurt misse goen. 1770 konnt de Goethe dunn zu Stroossbuerg weiderstudéieren an ee Joer méi spéit krut e säin Ofschloss. Zu Stroossbuerg ass hien och fir d'éischt Kéier dem Johann Gottfried Herder begéint, deen en a senger Aarbecht als Dichter a Philosoph beaflosst huet, andeems en de Goethe un d'Beweegung vum Sturm und Drang erugefouert huet.

Vu 1772 bis 1774 huet de Goethe um Geriicht zu Wetzlar geschafft, wou hien d'Charlotte Buff kennegeléiert huet. Dës éischt schmäerzlech Erfarung an der Léift huet als Inspiratioun gedéngt fir dem Goethe säi bekannt Wierk Die Leiden des jungen Werthers, dat 1774 erauskoum an a ganz Däitschland, a spéider och europawäit, fir Opreegung gesuergt huet. An dësem Bréifroman geet et drëm, datt de Werther, e jonke Mann, no e puer onglécklechen Affären, decidéiert sech ëmzebréngen. Dëst huet eng massiv Serie vu Suiziden ausgeléist. De Werther hat e sou e grousse Succès, datt e gläich a verschidde Sproochen iwwersat gouf. Duerch de Werther a säin Drama Götz von Berlichingen, dat ganz am Zeeche vum Sturm und Drang stoung, ass de Goethe als Schrëftsteller berüümt ginn.

Am Joer 1775 koum de Goethe op Weimar, wou e bis zu sengem Liewensenn bliwwen ass. Hien huet sech mat dem nach ganz jonken Herzog Carl August befrënnt, deen em eng Plaz als "Geheime Rot" a sengem "Grosse Consilium" verschaaft huet. Do war de Goethe nëmme 26 Joer al.

Ëm déi Zäit huet och seng Bezéiung mam Charlotte von Stein ugefaangen. Vue datt d'Charlotte von Stein bestuet war, huet hien zu hir awer déi néideg Distanz gehalen, an d'Bezéiung schéngt reng platonesch bliwwen ze sinn.

Am Joer 1786 huet sech de Goethe, ouni seng Frënn zu Weimar a seng Pläng anzeweien, op d'Rees an Italie gemaach. Dëst kann een als eng Aart Flucht gesinn. De Goethe huet sech och brennend fir d'Antiquitéit interesséiert a vu sengem Openthalt dovu profitéiert, fir all d'Monumenter a bekannt Biller kucken ze goen a Bicher ze liesen. Dobäi huet en awer net seng eegen Aarbecht vernoléissegt: hien huet seng Dramen Iphigenie, Torquato Tasso an Egmont fäerdeg geschriwwen, an huet sech den Naturwëssenschaften consacréiert. Dem Goethe seng Rees an Italie gëtt normalerweis als Ufank vun der Epoque vun der Klassik bezeechent; de Goethe huet, virun allem wéinst dem Kontakt mat der Antiquitéit, déi sou charakteristesch fir d'Klassik ass, d'Liewensgefill vum Sturm und Drang verluer.

Am Joer 1788 koum de Goethe aus Italien hannescht op Weimar. Hien huet eng Bezéiung mam Christiane Vulpius, enger Aarbechterin, ugefaangen, a mat hir a sengem Haus gewunnt, ouni mat hir bestuet gewiescht ze sinn, wat deemools als besonnesch onmanéierlech an dekadent gegollt huet. Hien huet sech eréischt am Joer 1806 mam Christiane Vulpius bestuet. Seng Bezéiung mam Charlotte von Stein ass doriwwer an d'Bréch gaangen.

1794 huet dann dem Goethe seng Frëndschaft mam Friedrich Schiller ugefaangen. Déi béid Dichter hu sech géigesäiteg Ureegunge ginn an inspiréiert. D'Joer 1797 gouf als "Balladenjahr" bezeechent, well deemools vill Balladen entstane sinn, ënner anerem Der Erlkönig oder Der Zauberlehrling vum Goethe an " Der Ring des Polykrates" oder "Der Taucher" vum Schiller.

Zwee Joer méi spéit, 1799, ass de Schiller och op Weimar geplënnert, fir méi no beim Goethe ze sinn. De Schiller huet de Goethe motivéiert, u sengem Drama Faust weiderzeschaffen.

Ab 1805, dem Joer vum Schiller sengem Doud, huet de Goethe ugefaange lues a lues ze vereinsamen. Vill vu senge Frënn si gestuerwen, seng Fra Christiane Vulpius am Joer 1816, seng Frëndin Charlotte von Stein am Joer 1827, säi Frënd den Herzog Carl August ee Joer méi spéit, 1828, a schlussendlech säi Jong am Joer 1830. Dem Goethe seng spéit Wierker, wéi zum Beispill Wahlverwandtschaften oder och Faust II, si scho vun der Romantik beaflosst, obwuel de Goethe sech ëmmer vun där Beweegung distanzéiert huet.

De Goethe ass den 22. Mäerz 1832 am Alter vun 82 Joer gestuerwen.

Fir un de Goethe z'erënnere goufen e puer Stroossen no him benannt, an zwar zu Diddeleng, Ollem an an der Stad.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Laune des Verliebten (Schéiferspill), geschriwwe 1768, am Drock 1806
  • Die Mitschuldigen (Loschtspill), ugefaange 1769, am Drock 1787
  • Götz von Berlichingen mit der eisernen Hand (Schauspill), 1773
  • Prometheus (Gedicht), 1774
  • Neueröffnetes moralisch-politisches Puppenspiel, 1774
  • Ein Fastnachtsspiel vom Pater Bray, 1774
  • Jahrmarktsfest zu Plundersweilern, 1774
  • Götter Helden und Wieland (Farce), 1774
  • Clavigo (Trauerspill), 1774
  • Geistesgruß (Gedicht), 1774
  • Die Leiden des jungen Werther (Bréifroman), 1774, 2. Faassung 1787
  • Egmont (Trauerspill), ugefaange 1775, am Drock 1788
  • Erwin und Elmire (Schauspill mat Gesank), 1775
  • Wilhelm Meisters theatralische Sendung ("Urmeister", Roman), ugefaange 1776, am Drock 1911
  • Stella. Ein Schauspiel für Liebende, 1776
De Goethe an Italien
  • Iphigenie auf Tauris (Drama), Prosafaassung 1779, am Drock 1787
  • Torquato Tasso (Drama), ugefaange 1780, am Druck 1790
  • Über den Zwischenkiefer der Menschen und der Tiere, 1786
  • Römische Elegien, 1788/90
  • Venezianische Epigramme, 1790
  • Faust. Ein Fragment, 1790
  • Beiträge zur Optik (Ofhandlungen, 2 Bänn), 1791/92
  • Der Groß-Cophta (Loschtspill), 1792
  • Campagne in Frankreich (1792), 1821
  • Der Bürgergeneral (Loschtspill), 1793
  • Reineke Fuchs (Déierenepos), 1794
  • In allen guten Stunden (fräimaurescht Bundeslidd), 1775
  • Unterhaltungen deutscher Ausgewanderten (Kadeerzielung), 1795
  • Wilhelm Meisters Lehrjahre, 1795/96 (Text)
  • Xenien (Gedichter, zesumme mam Friedrich Schiller), 1796
  • Faust. Eine Tragödie (entsprécht dem éischten Deel vum Faust), ugefaange 1797, am Drock ënner dësem Titel fir d'éischt Kéier 1808 publizéiert
  • Das Leben des Benvenuto Cellini (Aufsatz), 1797
  • Novelle, ugefaange 1797
  • Herrmann und Dorothea (Idyll an Hexameteren), 1798
  • Die natürliche Tochter (Trauerspill), 1804
  • Wilhelm Meisters Wanderjahre (Roman), ugefaangen 1807, am Drock 1821, erweidert Faassung 1829 (Text)
  • Pandora (Festspill), 1807/08, am Druck 1817
  • Die Wahlverwandtschaften, 1809 (Text)
  • Zur Farbenlehre (wëss. Ofhandlung, huet sech awer als falsch erwisen), 1810
  • Aus meinem Leben. Dichtung und Wahrheit (autobiographesch Dichtung, 4 Bänn), 1811-33
  • Vom Sänger hat man viel erzählt (fräimaurescht Gedicht als Merci un de Sänger), 1815
  • Wenn die Liebste zum Erwidern (fräimaurescht Gedicht iwwer d'Diskretioun), 1816
  • Italienische Reise, 1816/17
  • Die guten Weiber, 1817
  • Über Kunst und Altertum (6 Bänn, zesumme mam Johann Heinrich Meyer), 1816-32
  • Dem würdigen Bruderfeste: "Fünfzig Jahre sind vorüber" (poetesche Merci fir en Éierenact vu sengem fofzégjärege Fräimaurerjubiläum), 1820
  • West-östlicher Divan (Gedichter), 1819
  • Einleitung zu den Trauerreden (fräimauresch Trauerried zum Doud vum Meister vom Stuhl Ridel), 1821
  • Kampagne in Frankreich (Bericht), 1822
  • Rede zum brüderlichen Andenken Wielands (fräimauresch Trauerried), vum Goethe den 18. Februar 1830 virgedroen
  • Faust II. (Zweeten Deel vum Faust), 1833
  • Maximen und Reflexionen, 1833

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Weimarer Editioun[änneren | Quelltext änneren]

(143 Bänn, dovu 50 Bänn mat de Bréiwer, an 13 Bänn Tagebicher, all Band duerchschnëttlech 400 Säiten)

Hamburger Editioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Goethe: Werke. Kommentare und Register. Hamburger Ausgabe in 14 Bänden, Christian Wegner Verlag, Hamburg, 1. Oplo 1948.
  • Goethe: Briefe. Kommentare und Register. Hamburger Ausgabe in 4 Bänden, Christian Wegner Verlag, Hamburg, 1. Oplo 1962.
  • Goethe: Briefe an Goethe. Kommentare und Register. Hamburger Ausgabe in 2 Bänden, Christian Wegner verlag, Hamburg, 1. Oplo 1965.

Frankfurter Editioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Johann Wolfgang Goethe: Sämtliche Werke, Briefe, Tagebücher und Gespräche, Deutscher Klassiker Verlag. 40 bannent 45 Bänn, déi gréisst kommentéiert Goethe Editioun. 50.000 Säiten, dovu 15.000 Kommantarsäiten mat alle Wierker a Schrëften an alle Versiounen. Glidderung no literaresche Gattungen, an doran chronologesch.

Hanser Editioun[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedenthal, Richard: Goethe. Sein Leben und seine Zeit, Piper, 2003, Täschebuch, 750 Säiten.
  • Conrady, Karl Otto: Goethe - Leben und Werk, Athenäum Verlag GmbH, Königstein/Ts.,1981, 1140 Säiten.
  • Staiger, Emil: Goethe 1749-1786, 1952, Atlantis Verlag AG Zürich.
  • Staiger, Emil: Goethe 1786-1814, 1956, Atlantis Verlag AG Zürich.
  • Staiger, Emil: Goethe 1814-1832, 1959, Atlantis Verlag AG Zürich. Dem 1987 verstuerwenen Schwäizer Germanist Emil Staiger seng ëmfaassend Goethe Iwwersiicht, 1600 Säiten.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • von Wilpert, Gero: Goethe-Lexikon, Stuttgart 1998, Kröner, ISBN 3-520-40701-9
  • Goethe, Johann Wolfgang, in: Allgemeine Deutsche Bibliographie, Bd. 9, S. 413
  • Wolfram Voigt/Ulrich Sucker, Johann Wolfgang von Goethe, BSB B. G. Teubner Verlagsgesellschaft, Rei: Biographien hervorragender Naturwissenschaftler, Techniker und Mediziner, Band 38, Leipzig 1987
  • Wieland, Renate: Schein Kritik Utopie. Zu Goethe und Hegel, München (edition text + kritik) 1992,
  • Krippendorff, Ekkehart: Jefferson und Goethe, Hamburg (Europäische Verlangsanstalt/Rotbuch) 2001, ISBN 3-434-50210-6 (alles wat e vu Proffen iwwer de Politiker a kriteschen Zäitgenosse G. net gewuer gëtt!)
  • Matussek, Peter: Goethe zur Einführung, Hamburg: Junius, 2002, 2. Aufl.,

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Wolfgang von Goethe – Biller, Videoen oder Audiodateien