Johannes Mylius

Vu Wikipedia
Johannes Mylius
Gebuer 1537 jul.
Diddeleng
Gestuerwen 1596
Madrid
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist


De Johannes (Jean) Mylius, gebuer zu Diddeleng zirka 1537[1], a gestuerwen zu Madrid[2] 1596, war e lëtzebuergesche Geléierten a Jurist.

De Mylius war de Fils vum Mëller vun der aler Bannmillen "um Däich"[3] zu Diddeleng, dohier säin Numm (Mylius = latäiniséiert Form vu Mëller, Müller, Möller). Hien huet op der Universitéit vu Léiwen studéiert an do en Doktertitel - warscheinlech an der Theologie - krut. Hien huet géint 1552 Diddeleng verlooss a koum iwwer Däitschland an Italien a Spuenien, wou hien de juristesche Vertrauensmann vum Geschäftshaus Fugger[4] an de Beroder vum Philipp II. gouf[2].

Zu Diddeleng am Quartier Butschebuerg ass eng Strooss no him genannt: d'rue Jean Mylius (L-3432)[5]. De Johannes (Jean) Mylius ass net, wéi dat dacks ze liesen ass, de Brudder vum Arnold Mylius.

Dem Mylius säin Testament[änneren | Quelltext änneren]

A sengem Testament, dat hien den 9. Januar 1595 zu Madrid verfaasst huet, huet de Mylius säi Frënd de Grof Fugger domat chargéiert, eng Fondatioun fir Studenten ze grënnen, woubäi hien dem Fugger de Choix gelooss huet, dat zu Léiwen, Tréier oder Lëtzebuerg ze maachen. D'Lëtzebuerger hätten nawell gär gesinn, wann déi Sue fir Grënnung vun engem Seminaire zu Lëtzebuerg gebraucht gi wieren. De Fugger huet awer 1610[6] Louvain de Virzock ginn an do de Collegium Mylianum Luxemburgense (Collège Mylius oder Collège luxembourgeois) an d'Liewe geruff, deen iwwer d'Bourssen aus dem Mylius sengem grousse Verméige verfüge konnt. Den éischte President vum "Collège Mylius", dee 1615[7] etabléiert gouf, war den Nicolas Vernulaus (Vernulaeus)[6]. De Mylianum huet iwwer fofzéng Bourse verfüügt, déi joerhonnertelaang ausbezuelt goufen[8].

Den Napoleon hat d'Universitéit vu Léiwen, an domat och de Collegium Mylianum, zougemaach. 1816 huet den hollännesche Kinnek Wëllem I. den Enseignement reorganiséiert an et goufen dräi belsch Universitéite geschaaft: Léck, Gent a Léiwen[9]. 1837 gouf et fir de "Luxembourg belge" fënnef Mylius-Boursë vu jee 250 bis 260 Frang pro Joer. Vun 1850 u waren déi Bourssen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg opgedeelt; dräi dovu koume Lëtzebuerg zegutt[10].

D'Ierwe vum Mylius hu vu 1601 un dat Testament viru Geriicht a Fro gestallt, an et gouf joerzéngtelaang, deelweis souguer nach am 18. Joerhonnert, prozesséiert[11].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flies, Joseph, 1991. Der Johannisberg. Zur Geschichte seiner Landschaft bis 1815. Éditions Emile Borschette, Christnach, 1580 S. (Dr. Jean Mylius aus Düdelingen, zirka 1510-1596, Gründer des "Luxemburgischen Kollegiums an der Universität Löwen, S. 1404-1405).
  • Hess, Joseph, 1968. Johannes Mylius von Düdelingen. Revue, Jg. 24(1968), Nr. 15, S. 40-43. Luxembourg.
  • Hess, Joseph, 1971. Johannes Mylius von Düdelingen. In: Harmonie municipale Dudelange, 1896-1971. Dudelange, S. 168-174.
  • Hess, Joseph, 1984. Bei eis doheem. Bd. 3: Geschicht a Geschichten. Luxembourg, RTL Edition, 255 S. (Johannes Mylius: en Didlénger Jong bréngt et wäit, S. 165-170).
  • Neyen, Auguste, 1860. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 p. (Jean Mylius, S. 478-480). [3]
  • Neyen, Auguste, 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490+XXXI+XII p. + table gén. alphabét. (Jean Mylius, S. XXI-XXII, ajout conc. l'inscription au-dessus de l'entrée du collège Mylius à Louvain).
  • Koerperich, Léon & Robert Krantz, 1980. Düdelinger Chronik, Bd. 1., Chronologie zu Tatsachen aus Geschichte und Kultur 798-1907. Stadtverwaltung und Kulturkommission Düdelingen (Hrsg.), Esch-sur-Alzette, Imprimerie coopérative, 200 S. (Johannes Mylius: S. 45-46).
  • Kohn, Jean-Charles, 1894. Monographie de la seigneurie de Dudelange ou Mont-Saint-Jean. Luxembourg, St. Paul, 308 S. (Jean Mylius: S. 301-302).
  • van der Essen, Léon, 1921. Une institution d'enseignement supérieur sous l'ancien rlgime: l'Université de Louvain (1425-1797). Bruxelles, Paris, 156 S.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hess 1984, S. 166. — Flies 1991, S. 1404, a Koerperich & Krantz 1980, S. 45, ginn als Gebuertsjoer "zirka 1510" un; dem Hess säin Datum schéngt méi warscheinlech an ass am Aklang mat den Aussoen, déi 1601 am Prozess ëm d'Ierfschaft gemaach goufen (cf. A. Schon: Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500 - 1800. Heft 1. Esch/Alzette 1954, S. 74, kuckt och: S. 45).
  2. 2,0 2,1 Flies 1991, S. 1404.
  3. haut Spillplaz Rue de la Libération/Rue de la Rivière (Flies 1991, S. 1404).
  4. Götz von Pölnitz: Jakob Fugger. Bd. 2. Mohr, Tübingen 1951, S. 52 ("Madrider Rechtskonsulent der Fugger").[1]
  5. 49° 29’ 21’’ N 06° 04’ 05’’ O
  6. 6,0 6,1 van der Essen 1921, S. 143.
  7. Den Hess an anerer schreiwen: 1619.
  8. Kuck heizou: Neyen 1860, Kohn 1894, S. 302, Hess 1968, 1971, 1984. J. Mersch: L'Infante Isabelle, 1566-1633. In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 14, 1966, S. 501-502. [2]
  9. van der Essen 1921, S. 150.
  10. Kohn 1894, S. 302, Neyen 1860, S. 480, Hess 1971, S. 173.
  11. Flies 1991, S. 1404s., Hess 1968, 1971, 1984. Kuckt och: A. Schon: Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500-1800. Heft 3. Esch/Alzette 1956, S. 100.