Johannes Bayer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Uranometria, 1603

De Johann Bayer, gebuer am Joer 1572 zu Rain um Lech, Landkrees Donau-Ries, a gestuerwen de 7. Mäerz 1625 zu Augsburg, war en däitschen Astronom a Jurist. Hien huet dee bedeitenden Himmelsatlas, d'Uranometria gemaach.

Vu 1592 un studéiert hie Philosophie an Droit op der Universitéit Ingolstadt. Säi Studium huet en um Enn vum 16. Joerhonnert ofgeschloss als Lizentiat der Rechte an hien huet sech als Affekot zu Augsburg niddergelooss.

Donieft huet de Bayer sech intensiv beschäftegt op de Gebidder: Mathematik, Archeologie an Astronomie.

Säin astronomescht Haaptwierk war den Himmelsatlas Uranometria, 1603. Deen Atlas, deen zum Deel op Beobachtungdaten vum Tycho Brahe baséirt, war deen éischten, deen déi ganz Himmelskugel ofdeckt, mat am Ganzen 51 Kaarten.

Als Undenken un de Bayer gouf een Impaktkrater um Äerdmound no him benannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Commons: Johann Bayer – Biller, Videoen oder Audiodateien