Johannes Rau

Vu Wikipedia
Johannes Rau
Gebuer 16. Januar 1931
Wuppertal
Gestuerwen 27. Januar 2006
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker, Journalist, Libraire, Editeur
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland

De Johannes Rau, gebuer de 16. Januar 1931 zu Barmen bei Wuppertal a gestuerwen de 27. Januar 2006, war en däitsche Politiker a President vun Däitschland tëscht dem 1. Juli 1999 an dem 30. Juni 2004.

Drëtt vu fënnef Kanner, ass de Johannes Rau als Kand streng protestantesch erzu ginn. No der Schoul, 1949, huet hien ugefaangen, als Journalist ze schaffen. Hie gouf Member un der GVP, déi de Gustav Heinemann gegrënnt hat.

1958 ass e, wéi den Heinemann, der SPD bäigetrueden, op där hirer Lëscht en 1964 an de Wuppertaler Gemengerot gewielt gouf.Vun 1969 bis 1970 war e Buergermeeschter.

1958 gouf de Rau fir d'éischt an de Landtag vun Nordrhein-Westfalen (NRW) gewielt. 1970 gouf e Minister fir Wëssenschaft an Erzéiung. 1977 gouf e President vun der SPD an NRW an 1978 Ministerpresident vun do. Hie blouf dat bis 1998.

1987 war e Kandidat vu senger Partei fir Bundeskanzler ze ginn. 1998 gouf e President vun Däitschland.

Säi Motto war: "Rekonziliéieren, net splécken". Hie war mat der Christina Delius, engem Kandskand vum Gustav Heinemann bestuet a si haten 3 Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johannes Rau – Biller, Videoen oder Audiodateien