Johannes Sleidanus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Johannes Sleidanus

De Johannes Sleidanus (eigentlech Jean oder Johann Philippi / Philippson / Philippsen), gebuer 1506 zu Schleiden am Nordoste vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg[1][2][3][4] (haut Äifel), a gestuerwen zu Stroossbuerg den 31. Oktober 1556, war en Diplomat, Chroniker an Historiker am Déngscht vun der protestantescher Saach.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Sleidanus war eng Zäit Sekretär vum Kardinol Jean du Bellay, een Humanist dee souwuel de François Rabelais wéi säi jonke Koseng, den Dichter Joachim du Bellay, a Schutz geholl huet. Nodeem hien zu Paräis a Kontakt mam Martin Luther senger Léier komm war, huet de Sleidanus sech zur protestantescher Reform bekannt. Hie gouf duerno offizielle Chroniker vum Schmalkaldesche Bond. Seng Kommentaren, déi 84 Oploen erlieft hunn, sinn eng bedeitend Quell fir d'Geschicht vun der fréier Neizäit (Regierungszäit vum Keeser Karel V.) a vun de konfessionnellen Ausernanersetzungen. Hien huet och eng Schrëft publizéiert, an där hien de verfollegten Dichter Clément Marot verdeedegt a lueft.

Als Publizist ass de Sleidanus ee vun den éischte modernen Historiker, déi sech duerch eng Gesamtphilosophie auszeechnen: seng Opfaassung vun der Geschicht ass souwuel theologesch wéi teleologesch, awer radikal anti-kathoulesch. Obwuel dem Sleidanus säin Afloss haaptsächlech am däitsche Raum grouss war, goufe seng Wierker 1570, op Uerder vum Philipp II., Kinnek vu Spuenien an och, ë. a., Herzog vu Lëtzebuerg, zesumme mat de Bicher vum Clément Marot, vum Rabelais a vum Étienne Dolet verbrannt.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Laténgesch Iwwersetzung vum Jean Froissart senger Chronik; 1537.
  • Laténgesch Iwwersetzung vum Philippe de Commynes senger Chronik; 1545.
  • De statu religionis et reipublicae, Carolo Quinto Caesare, commentarii; Stroossbuerg, 1555 (an ëmmer nees opgeluecht).
  • De Quatuor Summis Imperiis; Stroossbuerg, kuerz viru sengem Doud.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Laurence Druez, Le Luxembourgeois Jean Sleidan, humaniste et historien de la Réforme ; in: Bulletin de la Société royale d'Histoire du Protestantisme belge, Nr. 117, Bréissel, 1996; Ss. 23-48. ISSN 0778-404X
  • Jules Vannérus, Sleidan (Jean) ; in: Biographie nationale [belge] ; Band 22; Kolonne 666 bis 683; Bréissel (Verlag Émile Bruylant), 1914-1920.
  • Maurice A. Arnould, Historiographie de la Belgique - Des origines à 1830 ; Collection Nationale, 7me série - N° 80; Bréissel (Office de Publicité, S. C.), 1947; S. 32 & S. 47.
  • Dietmar Pertsch (et alii), Kleines Lexikon der Reformation - Themen, Personen, Begriffe ; München, Deutscher Taschenbuch Verlag / DTV, 1983.
  • Bernard Vogler, Le rayonnement de la réforme strasbourgeoise (1520-1555) ; in: Historiens & Géographes - Revue de l'Association des Professeurs d'Histoire et de Géographie ; Nr. 347 - Februar 1995; Ss. 115-118 (ill., Bibliogr.). ISSN 004675X

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Joseph MEYERS, Geschichte Luxemburgs; Lëtzebuerg, 1969; S. 179, 180, 181, 182, 184, 185, 186, 187;
  2. P. MARGUE, Histoire sommaire du Luxembourg; Lëtzebuerg, 1976; S. 33;
  3. G. TRAUSCH, Le Luxembourg à la fin de l'Ancien Régime; Lëtzebuerg, 1977; S. 90;
  4. Marcel WATELET, Luxembourg en cartes et plans - Cartographie historique de l'espace luxembourgeois XVe-XIXe siècles; B-Tielt, Lannoo, 1989; Ss. 6, 32-33, 34, 40...