Johannes Steininger

Vu Wikipedia
Johannes Steininger
Gebuer 10. Januar 1794
St. Wendel
Gestuerwen 11. Oktober 1874
Tréier
Nationalitéit Däitscht Keeserräich
Aktivitéit Historiker, Geolog

De Johannes (Johann) Steininger, gebuer den 10. Januar 1794 zu St. Wendel, gestuerwen den 11. Oktober 1874 zu Tréier, war en däitsche Professer, Geolog an Historiker, deen zu de Pionéier vun der Lëtzebuerger Geologie zielt.[1]

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Steininger huet vun 1809 bis 1813 Philosophie an Theologie am Séminaire zu Tréier studéiert. Duerno ass hien op Paräis gaange fir do Mathematik, Physik an Naturwëssenschaften ze studéieren. Den 20. Oktober 1815 huet hien als Professer Mathematik an Naturwëssenschaften am Tréierer Gymnasium (haut: Friedrich-Wilhelm-Gymnasium) ugefaangen. De Steininger krut den 22. Dezember 1856 offiziell seng Pensioun; hien huet den 1. Abrëll 1857 d'Schoul definitiv verlooss[2] Ee vu senge Schüler war de Karl Marx, deen zu Tréier gebuer an opgewuess ass.[3]

1817 ass de Steininger, deen a senger Fräizäit geologesch Fuerschungsaarbecht gemaach huet, Member vun der „Gesellschaft nützlicher Untersuchungen zu Trier“, ginn. An de Schoulvakanze war hien op geologesch Studiereesen duerch d'Eifel, d'Belsch, Lëtzebuerg a Frankräich ënnerwee. D'Resultater dovun huet hien an enger ganzer Rei vun Artikele publizéiert.

1828 huet de Steininger, dee fléissend Franséisch geschwat huet, mat sengem Wierk Essai d'une description géognostique du Grand-Duché de Luxembourg den éischte Präis an engem Concours gewonnen, deen déi belsch "Académie des Sciences" ausgeschriwwen hat. D'Theema war: d'Geologie vu Lëtzebuerg. An dëser Schrëft kënnt fir d'éischt Kéier de Begrëff "grès de Luxembourg" (Lëtzebuerger Sandsteen) fir d'Sandsteeformatioun vum Hettangien vir.[4]

De Steininger war u ville Saachen intresséiert: nieft der Geologie, huet hie sech mat der Tréierer Geschicht beschäftegt a sech kritesch mat der däitscher Philosophie ausernaner gesat.

Publikatioune vum Steininger[änneren | Quelltext änneren]

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Geognostische Studien am Mittelrheine. Mainz 1819, Florian Kupferberg, 223 S. [2]
  • Die erloschenen Vulkane in der Eifel und am Niederrhein. Mainz, 1820. [3]
  • Neue Beiträge zur Geschichte der rheinischen Vulkane. Mainz 1821. [4]
  • Gebirgskarte der Länder zwischen dem Rheine und der Maas. Mainz 1822, Florian Kupferberg, 83 S.
  • Die erloschenen Vulkane in Südfrankreich. Mainz 1823. [5]
  • Bemerkungen über die Eifel und die Auvergne. Mainz 1824. [6]
  • Untersuchungen über die salzführenden Gebiete in Lothringen. Hertha, V, 1826.
  • Essai d'une description géognostique du Grand-Duché de Luxembourg. Bruxelles 1828, M. Hayez, 88 p., 2 annexes (= Tiré à part de Mémoires couronnés de l'Académie Royale des Sciences et Belles-Lettres de Bruxelles, 7). [7]
  • Bemerkungen über die Versteinerungen, welche in dem Uebergangs-Kalkgebirge der Eifel gefunden werden. (Gymn. Progr.) Trier 1831: 1-44.
  • Observations sur les fossiles du calcaire intermédiaire de l'Eifel. Mémoires de la Société Géologique de France, (1833), vol. 1, no. 2, pt. 15: 331-371, pl. 20-23. (1834)
  • Sur une nouvelle Encrine (Halocrinites) et une Hélice de l'Eifel. Bulletin de la Société Géologique de France (1834-1835), t. 6: 169-170. (1835)[5]
  • Note présentée dans la séance du 8 mai 1837 de la Société Géologique de France, avec les dessins de deux pétrifications nouvelles (Lichas antiquus, Haplocrinites sphaeroideus), et avec une remarque sur des dents d'ours fossiles trouvées dans la caverne de Buchenloch près de Gerolstein. Bulletin de la Société Géologique de France, t. 8, 1836-1837: 230-232.
  • Description de Halocrinites pyramidalis. Bulletin de la Société Géologique de France (1837-1838), t. 9: 295. (1838)
  • Geognostische Beschreibung des Landes zwischen der untern Saar und dem Rheine. Trier 1840. - Nachträge u. 5 Petrefacten-Zeichn. 1841.
  • Die Versteinerungen des Uebergangs-Gebirges der Eifel. In: Jahresbericht über den Schul-Cursus 1848/49 an dem Gymnasium zu Trier: 1-50. (1849)
  • Geognostische Beschreibung der Eifel. Trier 1853, Lintz'sche Buchhandlung, 144 S. [8] oder [9]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Ruinen am Altthore zu Trier, gewöhnlich die Römischen Bäder genannt. Trier 1835. [10]
  • Bemerkungen zur Geschichte des Domes. (Progr. Gymn.) Trier 1839.
  • Geschichte der Trevirer unter der Herrschaft der Römer. Trier 1845. [11]
  • Geschichte der Trevirer unter der Herrschaft der Franken. Trier 1850.

Philosophie[änneren | Quelltext änneren]

  • Un examen critique de la philosophie allemande, depuis Kant jusqu' à nos jours. Trèves 1845.

Physik[änneren | Quelltext änneren]

  • Bemerkungen zu dem Foucault'schen Pendel-Versuche. (Progr. Gymn.). Trier 1855, Lintz, 16 S. (Programm womit zu der öffentlichen Prüfung und dem Rede-Act der Schüler des Gymnasiums zu Trier und zu der Schlussfeierlichkeit den 30. und 31. August 1855 ergebenst einladet Dr. V. Loers, Director und Professor: 1) Bemerkungen zu dem Foucault'schen Pendel-Versuche. Von Hrn. Professor Steininger. - Trier: Buchdruckerei von Fr. Lintz, 1855. - 34 S.)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Engländer, Hans (1950): Johannes Steininger. In: Heimatbuch des Kreises St. Wendel, 3 (1950): 95-100.
  • Fichter, Jürgen (1990): Johann Steininger. Ein Geologe aus St. Wendel. In: Heimatbuch des Landkreises St. Wendel 13 (1989/90) 92-99.
  • Follmann, Otto (1920): Der Trierer Geologe Johannes Steininger (1794-1874). Trier, 16 S. (Sonderabdruck aus: Trierische Chronik, Jhg. 16 (1920), S. 82-95).
  • Groß, Guido (1994): Professor Johann Steininger (1794-1874). Erinnerung an einen Trierer Pädagogen, Geologen und Historiker. In: Neues Trierisches Jahrbuch 1994: 85-104.
  • Groß, Guido (2000): Johann Steininger. In: H. Monz (Hrsg.): Trierer Biographisches Lexikon. Wissenschaftlicher Verlag Trier, S. 450.
  • Massard, Jos. A. (1996): Les pionniers de la géologie luxembourgeoise: Steininger, Engelspach-Larivière et les autres. In: J.A. Massard (éd): L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde. Actes du 13e Congrès Benelux d'Histoire des Sciences, Echternach (Luxembourg), 1995. Luxembourg: 127-170. PDF
  • Massard, Jos. A. (1998): Historisch-naturwissenschaftlicher Streifzug durch den Kanton Echternach. in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 19 (2-3): 363-393. (Kuck: S. 364ff. PDF)
  • Schiel, Hubert (1951): Der Trierer Geologe Johannes Steininger. In: Trierer Volksfreund, Jg. 76, Nr. 209 v. 8./9. Sept. 1951. Beil.: Die Feierstunde Nr. 36
  • Simon, Thomas (1857): Aphoristische Notizen aus dem Leben und Wirken des am 1. April 1857 in Ruhestand tretenden Gymnasial-Oberlehrers, Herrn Professors Steininger. Trier, 7 S. (Besonderer Abdruck aus der Trier'schen Zeitung, Nr. 54 vom 5. März 1857).
  • Wey, C., Lebrun F. & López Luján, L. (2019): Des savants humboldtiens. Dans le sillage de Humboldt - Aux origines des études géologiques sur le Luxembourg: les scientifiques Johannes Steininger (1794-1874) et Auguste Engelspach-Larivière (1799-1831). Die Warte 40|2649 vum 6. Februar, S. 8-10.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 1996.
  2. Follmann 1920, S. 14; Simon 1847.
  3. Groß 2000, S. 450.
  4. Massard 1996: 129ff.
  5. Siehe: K.C. von Leonhard & H.G. Bronn (Hrsg.): Neues Jahrbuch für Mineralogie, Geognosie, Geologie und Petrefaktenkunde. Jg. 1836, S. 478 [1]: "Steininger teilt der geologischen Sozietät in Paris Zeichnungen seines neuen Halocrinites elongatus aus der Eifel und seiner Helix Mattiaca aus dem tertiären Kalke von Wiesbaden mit (Bullet. géol. 1835, VI, 169-170, Tf. I, Fg. 11 und 12), …"

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]