Johannes Sturm

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Johannes Sturm
Gebuer 1. Oktober 1507 jul.
Schleiden
Gestuerwen 3. Mäerz 1589
Stroossbuerg
Nationalitéit Herzogtum Lëtzebuerg
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen,
Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Theolog, Universitéitsprofesser, Pedagog

De Johannes Sturm, a Frankräich Jean Sturm, gebuer den 1. Oktober 1507 zu Schleiden, deemools Herzogtum Lëtzebuerg[1],[2],[3],[4] an der Äifel, a gestuerwen 1589 zu Stroossbuerg am Elsass, war e protestanteschen Humanist an een innovative Pedagog.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Johannes Sturm huet d'éischt zu Léck, bei den Hieronymiten, an dunn op der Universitéit vu Léiwen (Leuven / Louvain) studéiert. Zu Léiwen, wou hien d'Wierk vum Humanist Erasmus vu Rotterdam kennegeléiert hat, huet hien, zesumme mat engem Hellenist, eng Dréckerei ageriicht, déi haaptsächlech Wierker aus der griichescher Antiquitéit erausbruecht huet. Domat konnt hie sech an der franséischer Haaptstad ee gewëssenen Numm maachen, a sou gouf hie 1529 am Paräisser Collège de France Professer fir Griichesch, Latäin a Logik. Zu Paräis koum hien - grad wéi säi Landsmann Johannes Philippi, alias Sleidanus - a Kontakt mat de Reformgedanke vum Martin Luther, respektiv vum Jean Calvin.

1537 gouf de Sturm op Stroossbuerg geruff, an do huet hie mat sengem Stroossbuerger Homonym Jakob (Jacques) Sturm (eigentlech Sturm von Sturmeck), eng Secondairesschoul gegrënnt. Déi Schoul huet ënner sengem Rektorat séier vill Succès kannt a war bal a ganz Europa e Begrëff. De Keeser Karel V. (HRR), huet de Jean Sturm (oder "Sturmius") an den Adelsstand erhuewen (dofir fënnt een och d'Bezeechnung "von Sturmius"). Als Unhänger vun de reforméierten Iddien, dee sech awer dogmatesch ni ganz festneele gelooss huet, ass de Jean Sturm ëm 1582 a Schwieregkeete geroden, wéi hie versicht huet tëscht franséischen Hugenotten an däitsche Protestanten ze vermëttelen. Hien huet seng Rekteschplaz missen opginn, huet sech awer weiderhi fir seng dacks verfollegt Glawensgenossen agesat, wat hien an de finanzielle Ruin gestierzt huet.

Dem Johannes Sturm seng pedagogesch Iddien a Studienuerdnung, déi an der Haaptsaach um Philipp Melanchthon senge Prinzippie berout hunn, haten ee groussen Afloss an Europa, souguer op dee Bildungssystem, dee spéider - am Kader vun der kathoulescher (Géige-) Reformatioun - vun de Jesuitten entwéckelt gouf.

Zu Stroossbuerg gëtt et haut nach ëmmer eng Secondairesschoul, mam Jean Sturm sengem Numm, de Gymnase Jean Sturm. Zu Paräis gouf, kuerz no der Annexioun vun Elsass-Loutrengen (1871-1918), eng École alsacienne am Geescht vum Jean Sturm sengem Stroossbuerger Kolléisch gegrënnt. Déi nei (Elite-)Schoul sollt prioritär d'Kanner vun deene protestanteschen Elsässer ophuelen, déi Fransouse bleiwe wollten an dofir den annektéierten Elsass verlooss haten.

Publizéiert Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • De literarum ludis recte aperiendis liber ; 1538 (spéider nach e puermol opgeluecht)
  • Leges scholae lauinganae ; 1565
  • Epistolae academicae ; 1569
  • De exercitationibus rhetoricis ; 1575
  • Platonis Gorgias aut de rhetorica ; 1541

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alphonse Roersch, Sturm (Jean) ; in: Biographie nationale [belge] ; Bd. 24; Kolonnen 204 bis 215; Bréissel (Verlag Émile Bruylant), 1926-1929.
  • Léon-Ernest Halkin, Protestants des Pays-Bas et de la principauté de Liège réfugiés à Strasbourg ; in: Strasbourg au coeur religieux du XVIe siècle ; Ss. 297-307; Stroossbuerg, 1977.
  • Jean Rott, Le recteur strasbourgeois Jean Sturm et les protestants français ; in: Actes du colloque <<L'Amiral de Coligny>> ; Ss. 407-425; Paräis, 1974.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Joseph MEYERS, Geschichte Luxemburgs; Lëtzebuerg, 1969; S. 179, 180, 181, 182, 184, 185, 186, 187;
  2. P. MARGUE, Histoire sommaire du Luxembourg; Lëtzebuerg, 1976; S. 33;
  3. G. TRAUSCH, Le Luxembourg à la fin de l'Ancien Régime; Lëtzebuerg, 1977; S. 90;
  4. Marcel WATELET, Luxembourg en cartes et plans - Cartographie historique de l'espace luxembourgeois XVe-XIXe siècles; B-Tielt, Lannoo, 1989; Ss. 6, 32-33, 34, 40...