John Barry

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den John Barry (2006)

Den John Barry OBE, gebuer den 3. November 1933 zu York, England, fir richteg John Barry Prendergast, a gestuerwen den 30. Januar 2011 zu Glen Cove, war en englesche Filmkomponist an Arrangeur.

Hie war virun allem fir d'Soundtracken zu der James-Bond-Serie bekannt, ë. a. vu "Goldfinger", "Diamonds Are Forever", "Moonraker", "The Man with the Golden Gun", "A View to a Kill" an "The Living Daylights".

Hien huet fënnefmol en Oscar kritt, zweemol fir "Born Free" (1966) awer och fir d'Musek am "The Lion in Winter" (1968), "Out of Africa" (1985) and "Dances with Wolves" (1990).

A senger 40 Joer laanger Carrière huet hien eng 100 Themë geschriwwen, dorënner d'Musek fir de Film "Midnight Cowboy" oder de Générique vun der Televisiounsserie "The Persuaders!" (Amicalement Vôtre).

Den John Barry war 4-mol bestuet, ë. a. 1965 mat der Jane Birkin, mat där hien d'Kate Barry kritt huet, eng Fotografin. Als lescht war en, zanter 33 Joer, mat senger Fra Laurie bestuet.

Commons: John Barry (composer) – Biller, Videoen oder Audiodateien