John Barrymore

Vu Wikipedia
John Barrymore
Gebuer 15. Februar 1882
Philadelphia
Gestuerwen 29. Mee 1942
Los Angeles
Doudesursaach Liewerzirros
Nationalitéit USA
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Dolores Costello, Blanche Oelrichs
Papp Maurice Barrymore
Geschwëster Ethel Barrymore
Kanner Diana Barrymore

Den John Barrymore, gebuer de 14. Februar 1882 zu Philadelphia a gestuerwen den 29. Mee 1942 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den John Barrymore war den drëtte Jong vun der legendärer amerikanescher Theaterschauspillerkoppel, dem Maurice Barrymore an der Georgie Drew. En huet säin Theaterdebut mat 18 Joer an Optrëtter mat sengen Eltere ginn. Mat hinnen ass en queesch duerch d'Vereenegt Staate gereest. An der Zäit vum groussen Äerdbiewe vu San Francisco am Joer 1906 ass hie grad do opgetrueden, awer en huet d'Katastroph iwwerlieft. Duerno ass en um Broadway opgetrueden. Vun 1914 un war en dacks a Stommfilmer ze gesinn. An den 20er Joren huet en zu deene bekanntsten Duersteller vun Hollywood gehéiert.

Mam Ufank vum Tounfilmzäitalter goung seng Carrière sou lues dem Enn zou, besonnesch wéinst sengem Alkoholismus mat deem hie schonn zanter senger fréier Jugend geplot war.

Den John Barrymore war de Brudder vun de Schauspiller Lionel Barrymore an Ethel Barrymore, de Papp vum John Drew Barrymore an de Grousspapp vun der Schauspillerin Drew Barrymore.

Seng Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Tounfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Stommfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Hauptrollen am Broadway[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]