John Castegnaro

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De John Castegnaro, gebuer den 3. November 1944 zu Déifferdeng a gestuerwen de 16. Juli 2012[1], war e Lëtzebuerger Gewerkschaftler a Politiker. Hien ass de Brudder vum Mario Castegnaro.

Inhaltsverzeechnes

Liewen[änneren]

Mat 16 Joer huet e bei der Hadir eng Léier als Maschineschlésser ugefaang, mat 19 Joer huet hien de Beruff gewiesselt a gouf Gewerkschaftssekretär beim Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV). 1964 gouf hie Member vun der LSAP.

1965 gouf e Regionalsekretär fir d'Bezierker Zentrum an Norden. An de Joren 1968 bis 1974 huet en als Gewerkschaftssekretär d'Verhandlungen an der Mëttel- a Klengindustrie geféiert. 1974 ass en an d'Exekutiv vum LAV gewielt ginn an am Joer 1976 gouf en zum Generalsekretär gewielt.

25 Joer laang, vun der Grënnung 1979 bis den November 2004 war hie President vum OGB-L, dono Éierepresident.

Hie war ee vun de Grënner vun der Tripartite an huet eng wichteg Roll gespillt bei den Verhandlungen doriwwer, wéi d'Konsequenze vun der Stolkris an den 1970er an 1980er Joren am beschten unzegoe wieren.

Vum 22. Januar 1985 bis den 22. Januar 2003 war hie Member vum Staatsrot.[2]

Vun 2004 bis 2009 war hien Deputéierten an der Chamber fir d'LSAP, nodeems e bei de Walen op déi fënneft Plaz gewielt gi war.

De John Castegnaro war och President vun der Asbl Help, der Editpress an der Fédération nationale des Syndicats du Luxembourg, a Member vum Verwaltungsrot vun Objectif Plein Emploi, dem Lëtzebuerger Roude Kräiz, der Arcelor an dono der Arcelor Mittal (dat lescht bis Mee 2010 [3] ).

Gielercher[änneren]

Quellen[änneren]

Referenzen[änneren]