John Fisch

Vu Wikipedia
John Fisch
Gebuer 25. Dezember 1942
Gestuerwen 28. November 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

De John Fisch, gebuer de 25. Dezember 1942 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 28. November 1984, war e lëtzebuergesche Publizist a Journalist.

De John Fisch huet am Tageblatt als Journalist ugefaangen. 1968 huet hien d'Lux-Post, déi éischt Gratiszeitung zu Lëtzebuerg, gegrënnt, 1971 d'Illustréiert Saphir an 1979 d'Zäitschrëft 2000. Magazin für Zukunftsforschung, an där et ëm Grenzwëssenschafte goung.