John Ford
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De John Ford, gebuer den 1. Februar 1894 zu Cape Elizabeth, Maine a gestuerwen den 1. August 1973 zu Palm Desert, Kalifornien, war en US-amerkanesche Filmregisseur.
Hie gëllt als ee vun de gréissten amerikanesche Regisseuren iwwerhaapt. Tëscht den 1930er an 1950er Joerern huet hien eng 50 Filmer gemaach. Bekannt dovunner si vuirun allem seng Western, wéi Stagecoach an The Searchers. Hien huet 4 Oscaren als beschte Regisseur kritt.