John Frederick Herring Jr.

Vu Wikipedia
John Frederick Herring Jr.
Pseudonym Herring, John Frederick II, Herring, John Frederick, the younger
Gebuer Doncaster
Gestuerwen 6. Mäerz 1907
Great Wilbraham
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Moler


Farmyard feast

Den John Frederick Herring Jr. gebuer zu Doncaster 1815[1] oder 1820[2],[3] a gestuerwen 1907 war en englesche Moler.

Den Herring koum aus enger Artistefamill déi haaptsächlech Sportszeenen an Déierebiller gemoolt hunn. Säi Papp den John Fredderick Herring Sr., deen am Haaptberuff Kutscher war, huet haaptsächlech Päerd gemoolt. Seng Mamm déi Genre-Zeene gemoolt huet, a Member vun der Society of Lady Artists war, huet vun 1852 bis 1866 an der Royal Academy ausgestallt.

Säi Monni, de Benjamin Herring Sr. a seng zwéi Bridder, de Benjamin Jr. an den Charles, hunn an dem selwechte Stil gemoolt. D'Herring's waren deelweis eng Familljenentreprise, si hunn dacks zu méi un engem Bild geschafft, dat da vum Papp signéiert gouf.

Den John huet mat Waasserfaarf an Ueleg gemoolt. Seng Uelegbiller sinn déi intressants a goufen dacks mat Biller vu sengem Papp verwiesselt. Dee Mëssel ass eréischt behouwe ginn, wéi se de Sr. a Jr. bei d'Ënnerschrëft gesat hunn.

Den John war mat der Molerin Kate Rolfe bestuet, déi an der Royal Academy an an der Suffolk Street Gallery ausgestallt huet.

Am Alter huet hien zu Fulbourn bei Cambridge gewunnt, a seng spéit Biller weise Véi op de Wisen, dacks laanscht e Floss oder an de Päscher vu Bauerenhäff.

Den Herring huet an der Royal Academy, vun 1863 bis 1873, am British Institute, vun 1864 bis 1876 an an der Suffolk Street Gallery ausgestallt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vu Moler (ausser Lëtzebuerg)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Frederick Herring Jr. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Burlington Paintings Katalog 2008
  2. John Frederick Herring, Jr. (1820-1907)" (overview), Rehs Galleries, 2007
  3. De Mëssel vum Gebuertsdag kënnt dohier well d'Famill Herring zwéi Bouwe mat dem Numm John Frederick Jr. haten, deen ee gebuer 1815 an den aneren 1820. Ee vun deenen zwéin ass jonk gestuerwen, an et gëtt ugeholl, datt dat dee vun 1815 war. (Quell:John Frederick Herring, Jr. (1820-1907)" (overview), Rehs Galleries, 2007)