John Goodricke

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
John Goodricke

De John Goodricke, gebuer de 17. September 1764 zu Groningen an Holland a gestuerwen den 20. Abrëll 1786 zu York an England war en engleschen Astronom.

Hie war den eelste Jong vun der hollänescher Geschäftsduechter Lerina B. Sessler resp. dem englesche Landadelegen Henry Goodricke. Wéinst enger Kannerkrankheet, gouf de Goodricke daf, wat deemools als fatal Idiotie gewäert gouf. Seng kultivéiert Elteren hunn hie mat 8 Joer op Edinburgh an déi vum Thomas Braidwood (1715-1806) gefouert Privatschoul fir daf Kanner geschéckt. Mat 13 Joer konnt hie rechnen a schreiwen an hie war an der Lag, Wierder vun de Lëppsen ofzeliesen souwéi selwer ze schwätzen. Seng Elteren hunn hien duerno an der Warrington-Akademie (Nordengland) ageschriwwen.

Wéi hien nees doheem war, huet hie sech vu sengem Noper Nathaniel Pigott fir d'Astronomie begeeschtere gelooss. Mat 18 Joer huet hien erausfonnt, datt de Stär Algol seng Hellegkeet a festem Rhythmus verännert an huet doraus ugeholl, datt den Algol vun engem Planéit, ëmkreest gëtt. Spektroskopesch Ënnersich hunn ee Joerhonnert spéider erginn, datt den Algol en Duebelstäresystem ass, mat engem donkelen an engem hellen Stär. Fir seng Entdeckung gouf de Goodricke ee Joer méi spéit mat der Godfrey-Copley-Medail vun der Royal Society ausgezeechent.

De Goodricke bestëmmt och d'Periodendauer vun der Hellegkeetsschwankung vum verännerleche Stär Delta Cephei mat 5 Deeg, 8 Stonnen a 45 Minutten. Seng Berechnung huet sech spéider als zimlech genee erwisen, et waren nëmmen 2 Minutten Ënnerscheed. Als weider Verännerlechkeet berechent hien de Liichtwiessel beim Stär Sheliak an der Leier (ß Lyrae) erstaunlech prezis - säin Instrument: en Opereglas a Spektiv mat max. 12facher Vergréisserung. Bei der Observatioun vum Delta Cephei, huet de Goodricke eng Longenentzündung erwëscht, un där hien 1786 mat net emol 22 Joer gestuerwen ass.

De Goodricke College vun der University of York ass no him genannt. Op hirem Terrain steet eng modern Skulptur, déi Algol heescht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kosmos-Himmelsjahr 1997, Säit 151-153
  • Simon Singh: Big Bang, 2004, Säit 205-208, 216