John Hadley
De John Hadley, gebuer de 16. Abrëll 1682 zu Barnet, Hertfordshire, gestuerwen de 14. Februar 1744 och zu Barnet war en engleschen Astronom an Mathematiker.
Liewen an Wierken [änneren]
Den 21. Mäerz 1717 gouf de John Hadley Member vun der Royal Society. Am Joer 1721 huet hien dat éischt Newton-Teleskop entwéckelt.
Am Joer 1731 huet hien den Oktant erfonnt, de Virleefer vum Sextant.
Souwuel um Bau vum Teleskop wéi och um vir d'éischt „Quadrant“ genannten Oktant waren seng Bridder George (1685 – 1768) an Henry (gebuer 1687) bedeelegt. Si waren dräi vu sechs Kanner vum George Hadley an dem Katherine Fitzjames.
No dem John Hadley ass d'Hadley-Rill um Äerdmound genannt ginn. D'Moundlandefähr Apollo 15 war am Joer 1971 zimlech no bei dëser Rill gelant.
Deselwechten Numm:
Säin Neveu John Hadley (1731 – 1764), Jong vum Henry, Chemiker a Medeziner, Member vun der Royal Society vun 1758 un.
Literatur [änneren]
- E.G.R. Taylor: The mathematical practitioners of Hanoverian England 1714−1840. Cambridge 1966
Um Spaweck [änneren]
| Commons: John Hadley – Biller, Videoen oder Audiodateien |
