John Howard (Zaldot)

Vu Wikipedia
John Howard
Gebuer 8. Dezember 1912
London
Gestuerwen 5. Mee 1999
Grofschaft Surrey
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Offizéier

De Majouer John Howard war en Offizéier an der brittescher Arméi an ee vun den éischten Zaldoten déi de 6. Juni 1944 um Kontinent gelant sinn. Hie war de Kommandant vum Kommando vun der Operatioun Deadstick deen zwou Brécke bei Bénouville an der Normandie eruewert hat ier d'Alliéiert op de Küste vun der Normandie gelant sinn. Eng vun den zwou Brécken ass ënner dem Numm Pegasus-Bréck bekannt, déi aner als Horsa-Bréck.

Den John Howard ass den 8. Dezember 1912 am West End zu London gebuer, an de 5. Mee 1999 an engem Spidol zu Surrey an England gestuerwen. Bis zu sengem Doud huet hien zu Burford, bei Oxford gewunnt.

Mat 19 Joer ass en an d'Arméi agetratt déi en eréischt 1946 wéinst schwéiere Verletzungen un de Been an un der Hëft (bei engem Autosaccident) verlooss huet. Duerno huet en am Landwirtschaftsministère geschafft bis en an de siwwenzeger Joren an d'Pensioun gaangen ass.

All Joer de 6. Juni koum hien zeréck op d'Bréck, wou e mat sengem Seegeler gelant war, fir eng Gerbe do nidderzeleeën.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.