John Huston

Vu Wikipedia
John Huston
Gebuer 5. August 1906
Gestuerwen 28. August 1987
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun Art Students League of New York,
Hollywood High School
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Charakterschauspiller, Regisseur
Partei Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Evelyn Keyes, Enrica Soma
Papp Walter Huston
Kanner Tony Huston, Anjelica Huston, Danny Huston, Allegra Huston

Den John Huston, gebuer als John Marcellus Huston de 5. August 1906 zu Nevada, Vernon County, Missouri a gestuerwen den 28. August 1987 zu Middletown, Rhode Island war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Schauspiller.

1929 huet den Huston seng Carrière am Kino ugefaange mam Film The Shakedown. Vun 1930 un huet hien och Dréibicher fir Filmer geschriwwen. Eréischt am Joer 1941 huet hie mat The Maltese Falcon säin éischte Film als Regisseur gedréint.

Am Zweete Weltkrich huet hien an der Filmofdeelung vun der U.S. Army geschafft. Hien huet do Dokumentarfilmer iwwer de Krich gedréint. Besonnesch bekannt ass de Film Let There Be Light, deen iwwer d'Behandlung vun duerch de Krich psychesch gestéierten Zaldoten handelt. Dëse Film gouf an den USA verbueden a war eréischt erëm am Joer 1982 um Festival vu Cannes an der Sektioun Un certain regard ze gesinn.

Als bekannt klassesch Filmer, an deenen hien d'Regie gefouert, ginn ëmmer genannt The Maltese Falcon (1941), mam Humphrey Bogart, Mary Astor a Peter Lorre, Key Largo (1948) mam Humphrey Bogart, Edward G. Robinson a Lauren Bacall an net ze vergiessen aus dem Joer 1948 The Treasure of the Sierra Madre, mam Humphrey Bogart a Walter Huston. Bedeitend sinn awer och verschidde méi nei Filmer vun him wéi The African Queen (1951) mam Humphrey Bogart a Katharine Hepburn, Heaven Knows, Mr. Allison (1957) mam Deborah Kerr a Robert Mitchum, de Western The Life and Times of Judge Roy Bean (1972) mam Paul Newman an Anthony Perkins an dann The Man Who Would Be King (1975) deen eleng schonn duerch seng Besetzung mam Sean Connery a Michael Caine onvergiesslech ass.

Den John Huston ass de Jong vum Schauspiller Walter Huston an de Papp vun der Schauspillerin Anjelika Huston an dem Filmregisseur a Schauspiller Danny Huston.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1930: The Storm, vum William Wyler
  • 1931 A House Divided, vum William Wyler
  • 1932: Murders in the Rue Morgue, vum Robert Florey
  • 1932: Law and Order, vum Edward L. Cahn
  • 1935: Death Drives Through, vum Edward L. Cahn
  • 1935: It Happened in Paris, vum Robert Wyler
  • 1938: Jezebel, vum William Wyler
  • 1938: The Amazing Dr. Clitterhouse, vum Anatole Litvak
  • 1939: Wuthering Heights, vum William Wyler
  • 1939: Juarez, vum William Dieterle
  • 1940: Dr. Ehrlich's Magic Bullet, vum William Dieterle
  • 1941: High Sierra, vum Raoul Walsh
  • 1941: Sergeant York, vum Howard Hawks
  • 1941: The Maltese Falcon
  • 1946: Three Strangers, vum Jean Negulesco
  • 1948: The Treasure of the Sierra Madre
  • 1948: Key Largo
  • 1949: We Were Strangers
  • 1950: The Asphalt Jungle
  • 1951: The Red Badge of Courage
  • 1951: The African Queen
  • 1952: Moulin Rouge
  • 1953: Beat the Devil
  • 1956: Moby Dick
  • 1957: Heaven Knows, Mr. Allison
  • 1964: The Night of the Iguana
  • 1970: The Kremlin Letter
  • 1975: The Man Who Would Be King
  • 1988: Mr. North, vum Danny Huston

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

  • 1976: Bronk (TV Serie)
      • Episod: Long Time Dying
  • 1976: Sherlock Holmes in New York, vum Boris Sagal mam Roger Moore
  • 1977: The Rhinemann Exchange (Mini-TV-Serie)
  • 1978: The Word (Mini-TV-Serie)
  • 1987: Mister Corbett's Ghost vum Danny Huston mam Paul Scofield

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • John Huston: An Open Book (Autobiographie)
  • Stuart Kaminsky: John Huston, Maker of Magic.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Huston – Biller, Videoen oder Audiodateien