John Kenneth Galbraith

Vu Wikipedia
John Kenneth Galbraith
Gebuer 15. Oktober 1908
Iona Station
Gestuerwen 29. Abrëll 2006
Cambridge
Nationalitéit Kanada, USA
Educatioun Universitéit vun Toronto,
University of California
Aktivitéit Ekonomist, Diplomat, Politiker, Universitéitsprofesser, Saachbuchauteur, Schrëftsteller, Ambassadeur
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Letters, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Philosophical Society
Famill
Bestuet mat Catherine Galbraith
Kanner Peter W. Galbraith, James K. Galbraith

Den John Kenneth Galbraith, gebuer de 15. Oktober 1908 zu Iona Station um Erieséi, a gestuerwen den 29. Abrëll 2006 zu Cambridge am Massachusetts, war en Ekonomist, Sozialkritiker, Presidenteberoder, Schrëftsteller an Diplomat. De Galbraith war ee vun den Ekonomisten, déi de gréissten Afloss am 20. Joerhonnert haten. Als Keynesianer a Lënksliberalen huet hie sech säi ganzt Liewe fir eng Stäerkung vun de staatlechen Institutiounen a fir d'Stimulatioun vun der Nofro agesat.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp war Schoulmeeschter a Mataarbechter vun enger regionaler, ëffentlecher Verwaltung (county). De Galbraith huet zu Ontario studéiert, a mam Grad vum Bachelor of Science (B.Sc.) 1931 säi Studium ofgeschloss. Duerno huet hien 1933 op der Universitéit vu Kalifornien de Master of Science-Titel kritt (M.Sc). Hien huet am International House zu Berkeley gelieft a krut 1934 vun der Universitéit vu Kalifornien zu Berkeley de PhD-Titel. Als jonken Keynesianer war hien um President Roosevelt sengem New Deal-Wirtschaftsprogramm fir d'Beliewe vun der amerikanescher Wirtschaft bedeelegt. 1937 krut hien déi US-amerikanesch Nationalitéit, an huet vun 1939 un, op der Princeton Universitéit geschafft.

1949 gouf de Galbraith Professer fir Wirtschaftswëssenschaften zu Harvard an huet do bis zu senger Pensioun am Joer 1975 enseignéiert.

Den John F. Kennedy, deen de Galbraith aus senger Studienzäit zu Harvard kannt huet, huet sech vun him vun 1952 un als Senator berode gelooss. Wéi de Kennedy US-President gouf, huet hien de Galbraith 1961 als Ambassadeur an Indien geschéckt, wou hien och bekannt indesch Politiker a wirtschaftspolitesche Froe berot huet.

Duerno, huet hien ënner dem President Johnson seng Beroderaktivitéit erëm an Amerika opgeholl. Et koum allerdéngs tëscht deenen zwéin zu Differenzen an der Fro vum Vietnamkrich, soudatt de Galbraith 1965 säin Hutt geholl huet. Déi spéider US-Presidenten Carter a Clinton hunn och grousse Wäert op dem Galbraith säi wirtschaftspolitescht Urteel geluecht.

De Galbraith war ee vun de wéinege Wirtschaftstheoretiker, deen der Ëffentlechkeet komplex Theemen an enger einfacher Sprooch duerstelle konnt. Als Editeur vum Wirtschaftsmagazin Fortune vun 1943 bis 1948, huet hien och Bicher a Buchkritiken geschriwwen. De Galbraith war ganz produktiv an huet iwwer 50 Bicher a méi wéi 1.100 Artikelen geschriwwen.

Seng wichtegst Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • A Theory of Price Control (1952) (lëtz.:Eng Theorie iwwer d'Kontroll vun de Präisser)
  • Säi bekanntst Buch: The Affluent Society (1958), (letz.: D'Gesellschaft am Iwwerfloss)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]