John Paul Wild

Vu Wikipedia
John Paul Wild
Gebuer 17. Mee 1923
Sheffield
Gestuerwen 10. Mee 2008
Canberra
Nationalitéit Australien
Educatioun Peterhouse
Aktivitéit Astronom, Radiotechniker, Wëssenschaftler
Member vun Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Australesch Wëssenschaftsakademie, International Astronomesch Unioun

Den John Paul Wild, gebuer de 17. Mee 1923 zu Sheffield a gestuerwen den 10. Mee 2008, och Paul Wild genannt, war en australeschen Astronom a Wëssenschaftsmanager. Hien ass e Pionéier vun der Radioastronomie.

De Wild krut seng akademeisch Ausbildung a Mathematik a Physik op der Universitéit vu Cambridge. Am 2. Weltkrich war hie Radaroffizéier bei der brittescher Marinn. Am Joer 1947 huet hie sech der australescher Wëssenschaftsorganisatioun CSIRO ugeschloss, wou hie Leeder vun der Sektion fir Radiophysik (19711977) a President vun der CSIRO (19781985) gouf. Säi wëssenschaftlechen Intressi war d'Radioastronomie an d'Sonnephysik. Hie gehéiert zu den éischten, déi nom 2. Weltkrich déi nei Radiotechnik systematesch fir Sonnenënnersich gebraucht hunn. Vun 1967 bis 1970 huet hien an der Internationaaler Astronomescher Unioun (IAU) d'Kommissioun fir d'Radioastronomie geleet.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie